Brigitte Macron huet Cameo-Optrëtt an Netflix-Serie

© Netflix/Stephanie Branchu/AFP/File/Handout
D'Brigitte Macron wäert e kuerzen Optrëtt am nächsten Episod vun der Netflix-Serie "Emily in Paris" hunn.
Dat mellt de franséische Magasinn "Elle". Deemno wäert d'Fra vum Emmanuel Macron sech selwer spillen. Ewéi d'Schauspillerin Lily Collins, déi an der Serie d'Haaptroll spillt, géigeniwwer dem Magasinn sot, wier d'Iddi fir de Cameo entstanen, ewéi si an den Erfinder vun der Serie Darren Star d'Brigitte Macron Enn 2022 am Elysée getraff hätten. D'Fra vum franséische President Emmanuel Macron hätt sech als grousse Fan vun der Serie erwisen a mat vill Humor op eng Propos, enges Daags an der dëser matzespillen, reagéiert.
Déi zweet Hallschent vun der véierter Staffel vun "Emily in Paris" kënnt dësen Donneschdeg op Netflix eraus.