De Buttek op der Stater Theaterplaz mécht seng Dieren zou. Ma d'Clientë wäerten och an Zukunft Piècë vun der Eva Ferranti kënne kafen.

Dat deelt d'Néiesch an Designerin an engem Schreiwes mat. Deemno wäert si hir Moud an Zukunft zesumme mat der Maison Degand vu Bréissel entwerfen.

D'Eva Ferranti huet hir éischt Schrëtt an der Moudewelt 1990 an Italien gemaach. Am Joer 2000 huet si hiert Geschäft "Adama & Eva" am Gronn opgemaach. Den "Atelier d'Eva" op der Theaterplaz gouf et zanter Mee 2019. 2022 gouf d'Mark "Eva Ferranti" Fournisseur de la Cour.

2014 war d'Designerin, déi nieft dem Buttek op der Theaterplaz nach een zu Genève an e Produktiounsatelier zu Nidderkäerjeng huet, an den Trape vun hirem Geschäft gefall. En Accident, deen Auswierkungen op hiert privat a berufflecht Liewe sollt hunn. Et wier der Ënnerstëtzung vun hire Clienten ze verdanken, dass d'Aktivitéiten zu Lëtzebuerg konnten oprecht erhale ginn.