An der Emissioun um Freideg goung et ëm Dreamcatcher, d'Jubiläumstour vum Max Mutzke, Mämmories an d'LSC-Auditiounen an der RTL-City.

Dem John Rech säin neie Projet heescht 'Dream Catcher & The Big Gang Theory'. Den Diddelenger, dee seng éischt Versich op der Bün an den 1990er mat T42 gemaach huet, an 1997 ënnert anerem mam Eric Falchero Dream Catcher an d'Liewen geruff huet. D'Formatioun, déi Pop-Folk mat Ballade verbënnt, hat scho vill Ouerewierm wéi 'Deng Hand', 'Sunny Days' oder 'Nanana'. Gréissten Erfolleg op der Bün war am Juli 2023 am Virprogramm vum Robbie Williams. Am aktuelle Projet goufen 12 Lidder nei arrangéiert. Elo gëtt et en Album an e Concert den 22. November 'Opderschmelz'. www.dreamcatcher.lu

RTL

Dem Max Mutzke seng Karriär geet schonn 20 Joer, an d'Jubiläumstour bréngt hien op Diddeleng. No Hannover, Düsseldorf an Hamburg a virun München, Zürech, Wien a Berlin mécht de Museker deen am Laf vun de Joren 8 Studioalben an 2 Live-Disken erausbruecht huet, Statioun zu Lëtzebuerg zesumme mat senger Band. Hien, dee souwuel am Pop, Rock, Soul, Funk oder Jazz doheem ass, an deen vum Stefan Raab fir den ESC entdeckt gouf, ass awer och Auteur vum Buch 'So viel mehr', wou hie seng eege Geschicht opgeschriwwen huet. En Donneschdeg ass hien 'Opderschmelz'.  www.maxmutzke.de

RTL

D'Michèle Turpel lieft fir d'Bün an ass elo mam 3. Solo-Programm 'Mämmories' op Tournée. Scho mat 18 Joer huet d'Michèle sech bei den 'Ettelbrécker Theaterfrënn' ageschriwwen an duerno koumen Revuen, Theaterstécker, Cabareten, Kannertheater a Fräiliichtproduktiounen. Nom éischten Solo-Programm 'Croque Mëssio' (2009) an 'Autopsy' (2019) allebéid aus der Fieder vum Jemp Schuster, steet d'Actrice elo mam 3. Programm 'Mämmories' op der Bün a mécht eng Tournée duerch d'ganzt Land. www.instagram.com/turpelmichele/

RTL

Nom ESC ass virum LSC. Gesicht gëtt nom Tali en neie Vertrieder, fir Lëtzebuerg um internationale Parquet ze vertrieden. Déi éischt Etapp sinn d'Auditions, dëse Weekend an der RTL City, wou en internationale Jury en éischte Choix mécht. Heiranner vertruede si Gewënner aus viregten Editiounen vun dësem renomméierten Concours wéi den Eldar Gasimov, d'Niamh Kavanagh, Poli Genova, den Diogo Fernandes oder d'Marie Myriam. Exklusiv Biller an éischt Echoen gëtt et am LIVE! planet people vum Loïc Juchem.