Dës Woch am LIVE! Planet People geet et ëm e Film, eng Serie, den Zeltik an den "Immersive Pavilion".

D'Hana Sofia Lopes huet zesummen mam Hans Sigl de Film 'Flucht aus Lissabon' gedréit. E Film deen der Actrice quasi an de Schouss gefall ass, no zwou Telenovelaen a Portugal, engem Optrëtt bei GZSZ, bei 'Bad Banks', am Film 'Toy Gun' oder enger Roll an der zweeter Staffel vu 'Capitani'. Ronn 60 Produktioune fir d'Televisoun oder den Theater sinn bis haut zesummekomm, mee d'Haaptroll an engem Film mam 'Bergdoktor' ass den Jackpot. E Méindeg um 20h15 kann een sech dee spannenden Film ukucken oder elo schonn an der ZDF Mediathek. https://www.zdf.de/filme/der-fernsehfilm-der-woche/flucht-aus-lissabon-100.html

RTL

Den Tommy Schlesser spillt en Dënschdeg an der Serie 'Marginal' säin eegenen Urgrousspapp. Sou eppes gouf et och nach net. Am 4ten a virleefeg leschten Episod vun der Serie vum Loïc Tanson mat 'True Crime-Geschichten' verkierpert hien den Emile Schlesser II, fréieren Präsident vum Barreau, den 1910 tatsächlech an de Fall dee viru Geriicht plädéiert gouf, involvéiert war. Bekannt aus Serien wéi 'Die Bergretter', 'Rosamunde Pilcher' oder 'Das Traumschiff' spillt hien an der Serie déi am schwäerz-wäiss gedréit ass, en Affekot. www.instagram.com/tommy_schlesser/

RTL

De Brian Brody kënnt vun Dublin a spillt dëse WE um Zeltik zu Diddeleng am Centre culturel 'opderschmelz'. Hien gehéiert schonn zanter Joren fest zu de Museker déi op dësem keltesche Festival fir Stëmmung suergen. Bis e Sonndeg ass hien all Dag am Haaptprogramm an owes um 22h an der Kantin op der After-Show zesummen mat villen anere Kënschtler. Ronn 20 Joer steet hien ewell op der Bün a preparéiert dëse Weekend Lëtzebuerg schonn op Saint Patrick's Day. www.brianbrody.comwww.zeltik.lu

RTL

D'Carole Kremer vum Lëtzebuerger Filmfong invitéiert bei Geleeënheet vum 'Luxembourg City Film Festival' an den 'Immersive Pavilion' an der Abtei Neimënster, dee nach bis den 23. Mäerz leeft oder bis den 6ten Abrëll an de Ratskeller vum Cercle Cité laanscht ze goen op d'Expo 'Entre réflexion et immersion'. Op mat VR-Brëll oder ouni, kann ee sech gratis bei enger interaktiver Expo iwwerraschen loossen an nei Experienzen maachen. Et brauch ee sech just drop anzeloossen fir 12 ënnerschiddlech Wierker fir d'A z'entdecken. www.filmfund.lu/immersive-pavilion

RTL