Mat der Ekipp Vatel Lëtzebuerg, déi am Bouneweger Lycée trainéiert hat, stoungen déi éischte Kéier lëtzebuergesch Käch an enger chineesescher Arena.

D'Lëtzebuerger Team mat Thomas Murer, Victor Thill, Lucas Andrieux a Lio Semedo konnt sech géint Ekippen aus China, Mexico, Ghana, Neiséiland a vun de Philippinnen duerchsetzen.

Lëtzebuerger Team gewënnt international Kach-Kompetitioun
D'Ekipp war invitéiert op d'Food & Hospitality China, déi weltwäite gréisste Foire fir Liewensmëttel.

Gefrot war, en imposéierten 3-Gäng-Menü exakt nom Reglement zouzebereeden an ze zerwéieren.

Um Radio hate mir déi erfollegräich Käch bei hirem leeschten Training begleet.