D'Anna Wintour trëtt no bal 37 Joer als Chefredaktesch vum US-Mode-Magazin Vogue zréck.

Déi 75 Joer al gebierteg Brittin Anna Wintour ass zanter Joerzéngten eng vun den aflossräichste Perséinlechkeeten an der Moud- a Magazinbranche a bekannt fir hir Bob-Frisur an dofir, ëmmer e Sonnebrëll unzehunn.

Als Chefredaktesch vu Vogue war si d'Inspiratioun fir "Der Teufel trägt Prada", en erfollegräiche Roman aus dem Joer 2003 an engem Film aus dem Joer 2006, an deem d'Meryl Streep d'Roll vun der tyrannescher Magazin-Cheffin gespillt huet.

D'Anna Wintour, déi 1988 d'Leedung vun der amerikanescher Vogue iwwerholl huet, huet hire Récktrëtt bei enger Mataarbechterversammlung bekannt ginn, wäert awer weiderhin als Global Chief Content Officer vum Verlagsgrupp Condé Nast an als Redaktiounscheffin vun der Vogue schaffen, schreift de People Magazin..

D'Wintour gouf 2017 ausserdeem zur brittescher Damm ernannt an am Februar dëst Joer zur Éierebegleederin, wouduerch si an en ausgewielte Grupp vun ni méi wéi 65 Leit erakoum, déi fir hir bedeitend Bäiträg an hirem Beräich unerkannt sinn.

Bei der Zeremonie zu London am Februar huet si hire charakteristesche Sonnebrëll ausgedoen, fir d'Auszeechnung entgéintzehuelen an sot, si hätt dem Kinnek Charles III. matgedeelt, datt si keng Pläng hätt, mat hirer Aarbecht opzehalen.

D'Anna Wintour ass a Groussbritannien als Duechter vun engem brittesche Papp an enger amerikanescher Mamm opgewuess. Si gëtt vu villen als déi mächtegst Persoun am Moudesecteur bezeechent. Hire Choix vun Titelbiller huet an der Bléi vum Magazin Welle geschloen a si war bekannt fir hir streng Kontroll iwwer de Contenu, woubäi si heiansdo Aarbechten ouni Diskussioun gestrach huet.

Eng Dokumentatioun aus dem Joer 2015 iwwer hiert Liewen huet nieft hirer kaler Säit an hirem Éiergäiz och hir waarm a frëndlech Säit gewisen.