D'Queen Camilla feiert Gebuertsdag. An de leschte Jore stoung si vill an der Kritik.

Camilla Shand gëtt Herzogin vu Cornwall

D’Camilla Rosemary Shand ass de 17. Juli 1947 zu London op d'Welt komm an enger gutt situéierter brittescher Famill. Den Charles an d'Camilla hu sech an den 1970er Jore kennegeléiert. Well si als “net gëeegent” fir déi zukünfteg Kinneksfamill betruecht gouf, ass d'Koppel ni offiziell zesummekomm.
D’Camilla huet 1973 den Offizéier Andrew Parker Bowles bestuet, mat deem si zwee Kanner krut. Den deemolege Prënz Charles huet 1981 d’Lady Diana Spencer bestuet, eng Hochzäit, déi weltwäit fir Euphorie gesuergt huet.

“The Other Woman”

An den 1990er Joren huet sech d’Bild vun der Camilla an der brittescher Press däitlech verännert. Nodeem d’Bezéiung tëscht dem Charles an der Diana och ëmmer méi ëffentlech gekriselt huet. D'Camilla gouf als “The Other Woman” (déi aner Fra) bezeechent, eng Roll, déi si iwwer Jore verfollegt huet.

Am Joer 1995 sot d'Prinzessin Diana op der BBC-Panorama: “There were three of us in this marriage, so it was a bit crowded.”

RTL

© AFP

Lues a lues nees Akzeptanz zeréckgewonnen

Nom Doud vun der Prinzessin Diana 1997 war et laang onkloer, wéi d’Ëffentlechkeet d’Camilla géif akzeptéieren. An de Joren ass si diskret bliwwen a konnt doduerch nees bei de Britte Punkten.
Am Joer 2005 hu sech den Charles an d’Camilla bestuet. Si krut den Titel “Herzogin vu Cornwall” amplaz vu “Princess of Wales”, dat aus Respekt virum Diana.

Vun der Prinzessin zur Queen

Wéi d’Queen Elizabeth II. am September 2022 gestuerwen ass, gouf den Charles Kinnek, d’Camilla ass offiziell Queen Consort ginn, d'Fra vum Kinnek. Aus der brittescher Bevëlkerung gouf et vill Kritik. Mee d’Queen Elizabeth hat sech selwer ëffentlech gewënscht, datt d’Camilla den Titel "Queen" soll droen. E staarkt Symbol och a Richtung vun de Kritiker.

Zanterhier trëtt d’Queen Camilla ëmmer méi selbstbewosst un der Säit vum Kinnek op, ob bei Staatsvisitten, offiziellen Zeremonien oder bei karitativen Engagementer.

Bezéiung zu de Prënze William an Harry ugespaant

D’Bezéiung zu de Prënze William an Harry soll laut brittesche Medien nach ëmmer ugespaant sinn. Besonnesch d'Buch "Spare" vum Harry, dat 2023 erauskoum, huet d’Camilla als “geféierlech” bezeechent. Eng Ausso, déi fir international Schlagzeile gesuergt huet.

No de gesondheetleche Problemer vum Kinnek Charles am Ufank vum Joer huet si eng zentral Roll iwwerholl a bei villen offiziellen Evenementer hire Mann vertrueden. An der brittescher Press gëtt si mëttlerweil ëmmer méi dacks als “Stäip vum Monarch” bezeechent.