Gérard Thein, Antonio Lapone an Cédric Sacras
Dës Woch geet et ëm Beachvolleyball, d'Bande Dessinée a Quizowenter.
De Gérard Thein huet 1.000 Tonne Miersand op den Escher Gaalgebierg bruecht, fir déi 30. Editioun vum 'Luxembourg Beach Open'. Op 5 Terraine gi vum 25-27ten Juli schonn eleng 70 Ekippen mat ëm déi 400 Spiller erwaart, déi sech matenaner moossen a wou sonndes déi bescht Ekipp belount gëtt. Sport a Party hale sech d'Wo, well wann den Dag an d'Nuecht iwwergeet halen d'DJ'en a bekannt Banden d'Spiller an d'Spectateuren um Terrain, souguer wann eng Drëps fält, sou wéi dat 2024 de Fall war. www.evbc.lu/lbo

Den Antonio Lapone vun Turin ass een vun 50 Zeechner dëse Weekend beim BD Festival zu Contern. Eleng Italien, dat dëst Joer am Mëttelpunkt steet ass mat 11 Zeechner vertrueden, déi hei och Autogrammen op hir Bicher an Zeechnungen ginn. De Graphiker kënnt aus der Publicitéit a publizéiert seng Wierker zanter 2001. Och bei der 31. Editioun vum BD-Festival lackelen 100 Stänn, donieft gëtt et BD Parade, en Eck mat BD-Occasiounen a vill Halli Galli an de Stroossen. www.instagram.com/laponeart70/ www.bdcontern.lu

De Cédric Sacras ass bekannt als Fussballist, dee bei der Fola, Swift Hesper an Nidderkuer um Terrain stoung an och schonn am Trikot vun der Nationalekipp opgelaf ass. Mat sengem Kolleeg Alex Lopes organiséiert hien elo och Quizowender. Nom grousse Succès am Fréijoer ass déi nächst Game Night am Oktober, donieft maachen déi Zwee och de Podcast 'Camp Chair', wou se all Utensilien an de Liblingsbistro vun hirem Promi schleefen a sech do iwwer Gott an d'Welt mat hinnen ënnerhalen. www.instagram.com/cedricsacras/ www.instagram.com/insta_lx/
