Ursprong vun der ADR: Et war ni geplangt, eng Partei ze grënnen
Dës Woch schwätze mir mam Gast Gibéryen iwwer säi Wee an d'Politik an déi iwwerraschend Grënnung vun enger neier Partei.
An engem Schlass gebuer, ouni Prënz ze sinn. De Gast Gibéryen ass zu Buer an engem Schlass grouss ginn, wou dräi Douanier-Famillje vum Staat logéiert gi waren. Hien erzielt vun enger wonnerbarer Kandheet ouni Televisioun, wou de Kleeschen nach mam Schëff d'Sauer eropkomm ass.
Ech sinn deemools vun der Arbed bezuelt ginn, fir den OGBL ze grënnen
Aus dem Jong ass dunn e Schlässer ginn, deen duerno bei der Arbed als Traceur/Uräisser gelant ass. Zu där Zäit, mat 18, huet och säin Engagement als jonke Gewerkschaftler ugefaangen.
Deemools goufen et vill Verännerungen an de Gewerkschaften an d'Iddi vum Gast Gibéryen war et, fir nieft dem LCGB an dem OGBL eng neutral drëtt Gewerkschaft ze grënnen.
"Den Ursprong war ni eng Partei ze grënnen, den Ursprong war eng 3. Gewerkschaft ze grënnen."
5/6 fir Jiddereen: Op de Communiqué koum eng Resonanz, wéi ech a mengem Liewen nach ni erlieft hunn
Du koum d'Iddi op, fir eppes mat de Renten ze maachen, Gerechtegkeet tëscht dem ëffentlechen an dem private Secteur.
"Komm mir maachen einfach 5/6 fir Jiddereen", erzielt de pensionéierten ADR-Politiker. "Op de Communiqué koum eng Resonanz, wéi ech a mengem Liewen nach ni erlieft hunn. An dunn duecht ech: do mussen mer méi draus maachen."
Du gouf den Aktiounscomité 5/6 fir Jidderee gegrënnt. A wéi d'Parteien duerno net noginn hunn, dunn hu mer decidéiert an d'Walen ze goen. Doraus ass duerno d'ADR entstanen, well mer Erfolleg haten. 10 Joer duerno hu mer Rentegerechtegkeet erreecht an eise Fonds de Commerce war fort. Du ware vill Spannungen an där Partei.
"Dat ware Leit vu ganz lénks bis ganz riets, vum Arbedsdirekter bis bei de Portier. Do war alles an deem Aktiounscomité mat dran, well ee sech an der Fro vun de Renten eens war."
Meeschterprüfung gemaach, fir sonndes net mussen déi "knaschteg Aarbecht" ze maachen
"Ech hunn op der Aarbecht gezeechent bei der Arbed. Dat heescht, ech hat eng relativ gutt Aarbecht an der Woch. A sonndes war Reparatur, dann huet ee mussen op den Héichuewen oder an d’Galvanisatioun an d'Walzwierk. Dat war schwéier Aarbecht, dat war knaschteg Aarbecht. An t'ass ee gär samschdes erausgaangen, dann hat ech keng Loscht, sonndes schaffen ze goen."
Déi, déi d'Meeschterprüfung gemaach hunn, hu sonndes net brauche schaffen ze goen, well déi moies Coursen haten. A sou war d'Decisioun geholl, erkläert de Gast Gibéryen.
An der Pensioun koum dunn d'Diagnos: Leukemie
No fënnef Joer Pensioun koum am Oktober 2024 d'Diagnos: Leukemie. Vun enger Sekonn op déi aner hat sech alles verännert.
De Gast Gibéryen war fënnef Méint am Spidol, krut iwwer 600 Baxteren an "dank gudden Dokteschen a guddem medezinesche Personal [...] konnt ech du geheelt nees heem goen".
No e puer Méint doheem géing hie sech haut nees excellent spieren a mat senger Fra vu senger Pensioun profitéieren.
Wat hien am Léifsten gelauschtert a mat "gegröhlt" huet, wat hien am meeschten a sengem Liewe bedauert a wat hien haut am Léifsten mécht, dat héiert Dir am Replay vun eiser Emissioun Gepëspers um Späicher.