Vun enger Drohn, déi de Concert sollt filmen, huet sech de Sänger Schnëttblessuren un der Hand zougezunn.

Bei engem Concert am mexikaneschen Tijuana huet sech de Museker Enrique Iglesias blesséiert. Wéi hien op der Bühn stoung, war eng Drohn, déi de Concert filmt, zimlech no a senger Géigend. De Sänger huet seng Hand no der Drohn ausgestreckt a sech Schnëttblessuren un zwee Fanger zougezunn.

D'Drohnen sinn dacks op de Concerten vum Enrique Iglesias mat dobäi. Si solle filmen  oder och Fotoe vum Concert maachen. De Sänger gräift ëmmer erëm no enger Drohne, fir kënne Biller aus senger Perspektive ze maachen.

Fir den Iglesias war de Concert no klengem Accident awer net eriwwer. Hien huet dem Publikum seng Hand gewisen an ass kuerz an de Backstage verschwonnen, fir dono mam Litt "Hero" de Concert weider ze maachen.

Obwuel säi Manager den Enrique Iglesias iwwerzeege wollt, fir de Concert ofzesoen, wollt de Sänger seng 12.000 Fans awer net enttäuschen a stoung dono nach ronn 30 Minutten op der Bühn. Dono ass hien op Los Angeles geflunn, fir sech do behandelen ze loossen. Beim Concert hate se just probéiert, fir d'Bluddung ze stoppen.