Vum 5. bis den 12. Mee war den Auteur bei der "Simhastha 2016" zu Ujjain an Indien - ee vun de gréisste reliéise Fester op der ganzer Welt.

Vum 5. bis den 12. Mee 2016 war den Auteur zu Ujjain - eleng, bei 42 Grad am Dag, 28 an der Nuecht. Do war eng Kumb Mela, dat gréisst reliéist Hindufest vun der Welt an anscheinend dat gréisst reliéist Fest vun der Welt. Simhast zu Ujjain fënnt nëmmen all 12 Joer statt. Dat Fest dauert 1 Mount, et si 50 Millioune Pilger an deem Mount erwaart ginn, eleng den 9. Mee, en hellegen Dag, wou Jupiter, Sonn a Mound an enger besonnesch glécklecher d'Konstellatioun stoungen an d'Bueden am Floss Shipra dann ëmsou méi wierksam soll sinn, sinn 10 Millioune Leit erwaart ginn. D'Zil vum Bueden am Floss ass d'Sënne nogelooss ze kréien an aus dem Kreeslaf vum Ërëmgebuerginn auszetrieden. Et ass och dat grousst Treffe vun de Sadhuen, den hellege Männer déi aus ganz Indien ureesen. Zu Ujjain, um Bord vum hellege Floss Shipra, steet och d'Hindu Klouschter vum wichtegen Juna-Akhara-Uerden.

Fir den 9. Mee, um hellegsten Dag, d'Haaptattraktioun ze gesinn, wann d'Sadhuen an d'Waasser ginn, muss ee fréi opstoen. Informatioune ginn et wéineg, just datt d'Virbereedungen um 2 Auer nuets ufänken an d'Zeremonie um 4 stattfanne soll. Nodeems ech dräi Deeg an der Stad verbruecht hunn, duecht ech, et wier kee Problem, fir bei de Rham Ghat ze kommen. Mä ewéi ech mech um hallwer zwou op de Wee gemaach hunn, hunn ech no kuerzer Zäit gemierkt, et ass alles anescht.

Ech hu mech déi Deeg virdru gefrot, firwat esou vill Barrièren ongenotzt iwwerall erëmstoungen.

"Ech gesinn, dir hutt dee selwechte Problem."

Elo weess ech et. D'ganz Stad ass eng Festung, all Säitestroosse sinn ëm Mëtternuecht verbarrikadéiert ginn, fir d'Leit ze kanaliséieren, et geet just nach an eng Richtung, an dat ass net déi, wou ech hi wëll. Ech hu Gléck a fannen eng Spléck, fir mech laanscht eng Spär ze quetschen a sinn dunn hanner de Barrikaden, dat ass nëtzlech fir dem Floss méi no ze kommen, eidel Gaassen, awer iergendwann muss een erëm laanscht Barrikaden, soss sëtzt een an enger Sakgaass.

Nodeems ech villes probéiert hunn, duerch Gebaier gewandert sinn, wou op all Stack honnerte vu Leit niewenteneen um Buedem léien ze schlofen, treffen ech op e Grupp Journalisten, vun deenen ech schonn ee kennen, en Amerikaner. "Ech gesinn, dir hutt dee selwechte Problem." Mir zielen eis géigesäiteg, wat mir alles scho probéiert hunn. Ee vun där Grupp ass de Patron vun enger Dageszeitung mat enger Oplo vu 5 Milliounen. Nodeems sämtlech Verhandlunge mat der Police ouni Erfolleg bleiwen, huet den Dr. Vivek der Police proposéiert, datt si eis op den offizielle Parcours loosse sollen. Déi wëllen dat awer net, si hunn hir Befehler, kann ee jo och verstoen. De Mann vun der Zeitung hëlt säin Handy a rifft iergendwou un, gëtt engem Polizist den Handy, duerno féiert de Polizist eis bei eng Plaz, wou mir duerchgelooss ginn, an nach mat vill Méi, well do wëllen déi aner Polizisten net.

RTL

© René Hilbert

Eise Grupp gëtt ëmmer besser, am Ufank seet den amerikanesche Journalist ëmmer, wann d'Police mäi Presseauswäis wëll gesinn "hie gehéiert zu mir" (mäi Problem war, dat ech kee Presseauswäis hat, an ouni dee kann een net an dee wichtege Beräich, fir de Spektakel mat de Sadhuen ze gesinn an ze fotograféieren, dat wousst ech virdrun net). Duerno seet de Patron vun der Zeitung bei all Spär, "hie gehéiert zu eis" an zitt mech mat virun.

Mir gesi Waasser ... a landen an der éischter Rei

Ëmmerhi si mer schonn emol beim Floss ukomm, hei ass et elo ganz roueg, well d'Vollek dierf net an dëse Beräich. Et gëllt eng Bréck dierfen ze betrieden, déi och just fir d'Press op ass, u Polizisten an Zaldoten hu se wierklech net gespuert. Wéi mir et op d'Bréck geschafft hunn, sinn ech scho ganz zefridden an duecht, dat ass et. Awer et koum nach besser, mir wanderen iwwer d'Bréck op déi aner Säit, nach 2 Policespären, da si mir op där Säit vum Floss, déi dem Gott Shiva gehéiert. "Hei ass eis Plaz" seet den Dr. Vivek, an esou kommen ech zu enger Sëtzplaz an der éischter Rei, genee do wou um 4 Auer déi éischt Gruppe vun Naga-Sadhuen an d'Waasser soll goen, sensationell.

RTL

© René Hilbert

Do sëtzen ech dunn a sinn op d'mannst esou frou ewéi d'Pilger, déi am Floss gebuet hunn. Mat dem Fotograféieren ass et allerdéngs net esou einfach. Bei den Naga-Sadhuen gëtt et ganz aggressiver, deenen allerhand speziell Praktiken nogesot ginn ewéi Sex mat Läichen, drénken aus Doudekäpp a.s.w. D'Reiefolleg vun den eenzelen Naga-Gruppen, déi an d'Waasser ginn, ass am Virfeld festgeluecht, déi éischt Grupp ass déi aggressiivst. D'Poliziste sinn net zimperlech fir d'Fotografen, déi natierlech esou no ewéi méiglech wëllen dru sinn, ewech ze halen. Engem Fotograf huet en Naga-Sadhu mam Schwäert d'Sonneblend vum Objektiv an zwee Stécker geschloen.

Déi duerno ware méi frëndlech an ëmgänglech, do konnt ee schonn éischter eng brauchbar Foto maachen.

Äschen a komesch Praktiken

Nodeems d'Sadhuen am Waasser gebuet hunn, reiwe si sech esou bal si eraus kommen erëm direkt mat Äschen an, déi si a Plastikstute matbruecht hunn, esou guer d'Hoer ginn domat ageriwwen. Et sinn d'Äsche vun enger Mënscheverbrennung, dem Gott Shiva säi Wunnsëtz war de Krematorium, hie sot, "et gëtt näischt, wat méi reng ass ewéi eng Verbrennungsplaz".

Wann d'Sadhue fort sinn, gräife vill Leit mat de Fangeren an d'Äschen, déi um Buedem leien, a schmiere sech e wéineg dovunner op d'Stir.

RTL

© René Hilbert

Verschidde Sadhue stieche sech Géigestänn duerch hire Schniedel oder hu Reng drëm. Eng ganz interessant Demonstratioun war dat bescht Stéck ëm e Säbel gewéckelt, dann de Säbel hannert d'Been gediebelt, dann ass en zweete Mann op de Säbel geklommen. Gutt, deen zweete Mann hat nëmme 50 Kilo naass, mä dee stoung op der Schneid vum Säbel ...

An deem ofgespäerte Beräich ass och de ganzen Dag en Ëmzuch mat Ween, déi gerëscht sinn a wou verschidde Guruen drop sëtzen an de Leit zouwénken.

RTL

Eng Zeen ass allerdéngs grandios: De Won vum Chef vun de Sadhuen ass iwwerluede mat Leit, et huet gereent an et gëllt, e klenge Bierg eropzefueren, deen elo glëtscheg ass. Duerch d'Gewiicht packt den Trakter et net, e puer Leit klammen erop, awer et hëlleft näischt. Da gëtt ënnen aus dem Unhänger eng Leeder erausgeholl an den éischte Passagéier verléisst de Won iwwer d'Leeder. Dat hat awer an der allgemenger Hektik keen dem Chauffer vum Trakter matgedeelt. Wéi de Mann op der Leeder steet, rappt den Trakter un a just well e puer Männer d'Leeder opfänken an an der Luucht halen, fält de Mann net erof. De Won fiert virun an d'Leeder mam Mann steet eleng an de Leit, e gëttlecht Bild.

Gemeinsame Message:"Sidd léif mateneen"

Matten an de Leit steet och op eemol e Mann an hält e Schëld an d'Luucht mat der Opschrëft "Follow your religion, love everybody", op enger Säit op Englesch, op där anerer op Hindi geschriwwen. De Mann huet eng aussergewéinlech positiv Ausstrahlung, déi beandrockend ass, awer schlau ginn ech net aus der Saach.

E Gespréich mat där faszinéierender Perséinlechkeet kläert op. Hien huet viru Joren eng Konferenz besicht, op där reliéis Féierungsperséinlechkeeten, ënner aneren den Dalai Lama, geschwat hunn. An du gouf him bewosst, datt d'Reliounen eigentlech all dat selwecht priedegen, "sidd léif mateneen". Duerno wollt hien eppes maachen, wousst awer net wéi a wat, bis et zur Terrorattack zu Mumbai de 26. November 2008 komm ass. Hien huet spontan dat Schëld gemoolt a sech domat op d'Strooss gestallt. Nodeems hien e wéineg duerch Mumbai gezunn ass, huet hie seng Plaz am Juhu-Kreesverkéier fonnt. Do steet hien elo zënter 3 Joer. E Stroosserestaurant huet him op Liewenszäit eng Molzecht versprach. Hie lieft an enger einfacher Hütt, e bekannten Industrielle wollt him en Haus schenken, awer hien huet refuséiert mam Argument, dat wann hie bis e richtegt Haus hätt, net méi capabel wier dee Liewensstil weiderzeféieren. Net jiddwereen ass vu sengem Handele begeeschtert, hie krut am Ufank och emol d'Police geschéckt, dat huet sech awer mëttlerweil erleedegt, déi kennt hien ewell. Hien ass awer iwwerzeegt, dat hien iergendwann erschoss gëtt: "Jiddwereen, deen eppes Gutts gemaach huet, ass iergendwann erschoss ginn."

RTL

© René Hilbert

Bei deene Wierder fält mir de Gandhi an. Vill Pilger, déi engem hei iwwer de Wee lafen, si gutt gelaunt a gréisse mat engem monteren "Ram Ram". Ram ass d'Ofkierzung vu Rama. De Rama ass eng vun de populäersten Hindu-Gottheeten an Indien a gëllt als siwent Inkarnatioun vum Gott Vishnu. De Gandhi soll nom Rama senge Prinzipie gelieft hunn, Guddes maachen, sech fir Gerechtegkeet asetzen, Altruismus a gelieften Nächsteléift.

Ram Ram, dat sollen och dem Gandhi seng lescht Wierder gewiescht sinn ewéi hien erschoss ginn ass.

René Hilbert alias Ren on Tour

RTL

© René Hilbert