Simhastha 2016 zu Ujjain an Indien, dat ass eng aner Dimensioun, do ass d'Oktav näischt dogéint.

D'Kumbh Mela, d'Fest vum Krou, ass dat gréisst Hindufest vun der Welt a gëtt am Rotatiounsprinzip op 4 verschiddene Plazen ofgehalen, Allahabad, Haridwar, Ujjain a Nashik. Wéi d'Gëtter an d'Dämone sech ëm den Onstierflechkeetsdronk Amrita gestridden hunn, si 4 Drëpsen aus dem Krou op d'Äerd gefall, op deene Plaze stinn haut déi véier Stied. D'Kumb Mela gëtt am 3-, 6-, 12- an 144-Joresrhythmus organiséiert, Simhastha zu Ujjain gëtt all 12 Joer ofgehalen. Fir dat eng Kumb Mela stattfanne kann, musse Jupiter, d'Sonn an de Mound a bestëmmte Konstellatiounen zouenee stoen. Da gëtt d'Waasser vun deene Flëss, wou dat Ganzt sech ofspillt, zu Amrita, dem Onstierflechkeetsdronk, e Bued doranner soll d'Sënnen noloossen an d'Erléisung bréngen, esou dat engem d'Reinkarnatioun endlech erspuert bleift. Dobäi ass net egal, wat fir een Dag een an de Floss klëmmt, d'Astrologie bestëmmt déi Deeg wou et am wierksamsten ass ze bueden, déi Deeg ginn och déi helleg Männer, d'Sadhuen, an enger Prozessioun an d'Waasser, wat nieft dem Bueden vun de Pilger d'Haaptattraktioun ass.

Millioune Leit an héich Temperaturen

50 Millioune Pilger ginn am Zäitraum vun engem Mount erwaart, eleng um wichtegsten Dag, dem 9. Mee, ginn 10 Millioune Leit fir den "holy dip" erwaart. Scho Kilometer virun der Stad si Parkingen an de Felder ageriicht, iwwerall laanscht d'Strooss sti grouss stenge Kréi mat Waasser an et gëtt Méiglechkeeten ze raschten, well ëm dës Zäit sinn an där Géigend 42 Grad am Dag an 28 an der Nuecht.

RTL

Den éischten Dag, wou ech do sinn, kënnt nomëttes e staarkt Donnerwieder, ech hunn Gléck, e jonke Mënsch mengt, mir onbedéngt missen Datta Akhara, en Hindu Klouschter an de Sëtz vum Juna Akhara Uerden, um Bord vum hellegen Floss Shipra ze weisen, wei de Reen ufänkt. Esou kann ech mech ënner e Betonsiwwerdaach stellen. Et blëtzt an donnert gewalteg, net jiddwereen hat dat Gléck a stoung esou sécher. E grousst Zelt fält zesummen, fir 7 Persounen dréit sech Samsara, d'Rad vum Liewen een Tour, hir Séil gëtt entweder erëmgebuer an engem anere Kierper oder, wann si genuch Bouss geleescht hu fir hir Sënnen, erreeche si Moksha, hir Séil fënnt d'Erléisung a si ginn net méi erëmgebuer. Ëm di 90 sinn der verletzt ginn.

Kumb Mela ass och e grousst Treffe vu Sadhuen, den hellege Männer, déi aus ganz Indien ureesen, vereenzelt gesäit een och weiblech Sadhuen, déi heeschen da Sadvhi. Vill Hindue gleewen, datt eng Fra als Mann erëmgebuer gi muss, ier si d'Erléisung fanne kann, mat der Emanzipatioun hunn si et nach net esou.

D'Welt vun de Sadhuen ass eng komplizéiert, di meescht Sadhuen sinn och Yogien, awer net all Yogi ass e Sadhu. Fir Sadhu dierfen ze ginn, muss een e Guru fannen, dee bereet ass, een als Schüler ze akzeptéieren, deen een duerch e speziellt Ritual zu sengem Schüler, Shishya, mécht.

Deen ass da gebieden, iwwer eng länger Zäit d'Seva ze leeschten, dem Guru bedéngungslos ze déngen, Altruismus als Liewensstil.

RTL

© René Hilbert

Wann d'Zäit komm ass, entscheet de Guru, ob ee Sadhu ka ginn oder net. Déi definitiv Zeremonie fir an den Uerden opgeholl ze ginn, d'Vidya Sanskar féiert an déi aussergewéinlech Welt an a fënnt meeschtens op enger Kumb Mela ewéi hei zu Ujjain statt. Den Aspirant muss säin eegent Verbrennungsritual vollzéien, all Schnéier zu sengem vergaangene Liewen zerschneiden a gëtt an de Sannyas ageweit, de Wee op deem hien alle materielle Saachen entseet. Als Sadhu kann een da selbstänneg duerch stänneg Bouss an en asketesche Liewensstil probéieren d'Erliichtung ze fannen an esou aus dem Krees vum der Reinkarnatioun auszetrieden.

Eigentlech dout a fräi - oder simuléiert?

Well si hirem eegene Begriefnis scho bäigewunnt hunn, gëlle Sadhuen an Indien virum Gesetz als dout a kënnen eigentlech maache wat si wëllen.

Si sinn allerdéngs net all esou seriö, et gëtt och ëmmer méi Simulanten, déi sech just en aarbechtsfräit Liewen organiséieren, biedelen a vu moies bis owes dämpen.

An et ass wéi esou oft, déi wou an der Hierarchie uewe sinn, schéngen eng aner Opfaassung ze hu vu Verzicht op Kalorien a Karat. Si si meeschtens wuelgenährt a mat Edelsteng dekoréiert wei e Chrëschtbeemchen.

RTL

© René Hilbert

Wei ech duerch den Haff vun engem Gebai trëppele wou sech vill vun den ieweschte reliéise Perséinlechkeeten a separate Reim ophalen, wou ee si ka konsultéieren, schwätzt e Sadhu mech un a wëll Suen, ech ginn him 3 Rupien, hie fënnt dat net vill - "hat Är Majestéit net 100 gesot?" (Esou schnell klëmmt een hei an der Hierarchie, wann een als potentielle Bancomat a Fro kënnt). "Kolleg, weess du, wat ech hei fir mäin Zëmmer berappe muss? Do ass et net nach fir mat grousse Schäiner ëm sech ze geheien."

"Reset vum Sënnekonto"

Vill Reim si gutt gefëllt mat Leit, déi hirem Guru nolauschteren, am Zentrum ëmmer eng grouss Schossel mat ville Schäiner. Relioune si wéi Aktiegesellschaften. Et gëtt d'Buedempersonal vun der Firma, wat d'Aktie verkeeft, an d'Clienten, déi se kafe sollen. An da gëtt et der, wou de Firmemodell duerchkuckt hunn a keng Aktie méi wëllen, mat deenen hunn d'Manager e bëssche Schwieregkeeten. Reliounen hu jo ëmmer dee selwechte Geschäftsmodell. Et geet drëms, dem Client e schlecht Gewëssen ze maachen, dat e géint e gewëssen Obulus erëm ka rengwäschen, souzesoen e Reset vum Sënnekonto. Déi, wou der Firma vertrauen, schéngt et glécklech ze maachen, anescht kann een déi vill zefridde Gesichter an d'Begeeschterung bei de Pilger kaum erklären.

Et ass bewonnerswäert mat wat fir enger Gedold an Ausdauer Inder a gliddeger Hëtzt, hiert Gepäck de ganzen Zäit um Kapp, well si schlofe meeschtens dobaussen, Éiwegkeeten an der Schlaang virun engem Tempel stinn, fir schlussendlech dierfen e kuerze Bléck op dat Allerhellegst ze werfen oder e puer Rupien ze spenden an erëm e Seegen als Géigeleeschtung ze empfänken.

RTL

© René Hilbert

Dat Wichtegst ass awer am hellege Floss Shipra ze bueden. Vill sinn der Meenung, datt eemol andauchen dat ganzt Liewe verännere kann. Wa si no der laanger Rees endlech kënnen an den hellege Floss klammen, vollféiere verschiddener e Ritual, anerer stinn do mat gefaalten Hänn, schwätzen e Gebiet a kucken no uewen. Esou glécklech Gesichter mat fonkelnden Aen hunn ech zu menger Kannerzäit an der Oktav ni gesinn.

Een Nomëtteg praktizéieren Naga-Sadhuen beim Floss den Diksha-Ritual, d'Initiatioun fir Naga (plakesche) Sadhu ze ginn, si hunn all de Kapp raséiert a sinn nach net mat Äschen ageriwwen. Et herrscht eng aggressiv Stëmmung, et ass net einfach Fotoen ze maachen, well ech andauernd verjot ginn. Et wier e wichtegt Ritual a.s.w. D'Naga-Sadhuen suerge selwer dofir, dat alles leeft wéi si et wëllen, e jonken Typ, komplett drogéiert, andauernd e Chillam am Grapp, schléit brutal mat enger Bambusstaang op d'Leit, si solle réckelen, op en eelere Mann, deen entweder net versteet oder ze lues ass, gëtt nëmmen esou agedresch, d'Police steet dernieft an ënnerhëlt näischt.

RTL

© René Hilbert

Et schéngt e neit Hindu-Symbol ze ginn, hunn ech kierzlech schonn zu Varanasi gesinn, an elo zu Ujjain, den Eiffeltuerm. Si hu just eng Bull op d'Spëtzt gesat fir en e wéineg ze "personaliséieren", fäerdeg.

Der Charity geet d'Loft aus

Ech léieren e sympatheschen Inder, dem Amit kennen, a mir wanderen zesummen duerch d'Zeltstad vun de Sadhuen déi eng Mëschung aus Schueberfouer an Ökofoire ass. Virun engem Zelt stinn aussergewéinlech vill Leit, hien ass gëschter nach opgetrueden an huet sech feiere gelooss, haut ass et éischter schlecht bestallt ëm de Golden Baba. Säin Numm kënnt dohier, well hien normalerweis 15 Kilo Gold als Lametta um Kierper dréit, momentan huet hie just seng gëllen Armbandauer un. A sengem biergerleche Liewe war hien emol Stoffhändler zu Delhi, iert hie Baba ginn ass. Elo mécht hien Charity, wéi all déi Leit, deenen hiert Geltungsbedierfnes esou grouss ass, datt si nach aus der Nout vu anere Leit Profit schloen, andeems si Bedierftege méiglechst mediewirksam e puer Almosen zoukommen an sech dobäi nach feiere loossen.

Hie läit am Zelt a réiert sech net méi, säi Kierper beemt sech heiansdo op, soss geschitt net méi vill, mat der Belëftung schéngt et net méi esou gutt ze klappen. Seng gëllen Zäit schéngt ofgelaf ze sinn. Ëm hien seng Unhänger, verzweiwelt um Telefon, fir en Dokter erbäi ze kréien.

Mol héiflech, mol brutal

Eng Säit vum Floss gehéiert dem Gott Vishnu, déi aner Säit dem Gott Shiva, wou d'Zeltstad vun de Sadhuen steet, do kann ee si bewonneren a konsultéieren. Fotograféieren ass ëmmer esou eng Saach, déi eng si frëndlech an hunn näischt dogéint, déi aner ginn aggressiv a schloe gäre mat Bambus oder Eisestaangen zou. Engem amerikanesche Fotograf, deen ech kennegeléiert hunn, huet en Naga en 70-200mm Objektiv mat engem Bengel futti geschloen.

RTL

© René Hilbert

Awer hir ugebuede Servicer sinn interessant, e puermol mat Pohunnsfiederen op d'Biche geschloe kascht 10 Rupien, sensationell. Fir de Rescht gëtt gedämpt vu moies bis owes.

Och gutt gefall huet mir e Mann, dee laanscht d'Waasser getrëppelt ass mat enger klenger Pabeiersschësselchen, wou eng Käerz dra gebrannt huet. Emol d'Hänn driwwer hale fir 10 Rupien, dat hellegt Feier suergt fir de Rescht. Dat misst dach och bei eis um Chrëschtmaart fonctionnéieren, misst een e bësschen anescht verkafen. Emol d'Flossen iwwer dat hellegt Feier gehalen, ni méi kal Fangeren. Fir 1 Euro misst dat dach ze verkafe sinn, zemools wann di Gleeweg bis e puer Glühwäin eran hunn.

RTL

© René Hilbert

Iwwerall gi Méiglechkeeten ugebuede fir gehollef ze kréien, sief et duerch Handopleeën, duerch d'Opmole vu faarwege Symboler op d'Stir oder e puer tréischtend Wierder, natierlech ëmmer verbonne mat engem klengen Obolus.

Reliounen ... Opium fir d'Vollek, an de Cash an d'Täsch ... vun de Schäinhellegen.

Ren

NB: D'nächst Woch, de groussen Dag, wou d'Sadhuen an d'Waasser ginn.