De Gaart an Heem Réiden/Atert hat am November op hiren traditionnelen Hierkenowend an den Hal Polyvalent invitéiert, deen och musikalesch begleet vum Entertainer Solomio e ganz groussen Erfolleg kannt huet.

No senge Wierder vu Wëllkomm a Merci vum President Raymond Schlim koum et dunn zesumme mam Virstand, dem Gemengen- a Schäfferot zu enger Scheckiwwerreechung, deen den Erléis vum Verkaf vun Eisekuchen iwwert dat ganzt Joer duerstellt.

Mat opriichtegem Merci konnt d’Aline Kuffer e Scheck vun 3.000 Euro entgéinthuelen, deen der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (ASA) zegutt kënnt. ASA ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck, déi mat hire Projeten integral aus Spendersue finanzéiert gëtt, déi fir d’Ausbildung vun Assistenzhonn gebraucht ginn, fir se da weider ze vermëttelen. D’Uschafungskäschte fir een Hond vun der Rass Golden Retriever belafe sech op iwwert 17.000 Euro.

Zum Ofschloss huet d’Aline Kuffer erkläert, wat den Hond no der Ausbildung alles fir d’Leit mat enger Behënnerung an der Praxis leeschte kann.