
Et ass eng ongewinnt Situatioun. Déi Persoun, déi soss d’Froe stellt, sëtzt op eemol op der anerer Säit. An awer passt et. Well och dat ass Journalismus: nolauschteren, sech Zäit huelen.
Ech hunn an deene leschte Jore vill vum Caroline geléiert. Mat villen Diskussiounen, déi een dacks erausgefuerdert hunn.
Mam Caroline Mart geet och de “Kloertext” an d’Pensioun, eng politesch Sendung, déi den Debat zu Lëtzebuerg lieweg gehalen a matbestëmmt huet.
Um Samschdeg war de leschten Télévie, deen d’Caroline Mart moderéiert huet, dat no 25 Joer. Den Interview hu mir en Dënschdeg opgeholl, op d’Fro, ob dësen Télévie méi emotional gëtt, war et eng kloer Äntwert:
“Den Télévie ass ëmmer eng emotional Sendung. Dat huet näischt domadder ze dinn, ob et den éischten oder de leschten ass.“
Iwwer d’Joren ass d’Sendung fir si ëmmer méi perséinlech ginn: “Mir verbannen esou vill Geschichte mat esou ville Mënschen.”
Dat ass eppes, wat ech selwer geléiert hunn: hannert all Sujet sti Mënschen. An déi verdéngen Zäit.
No bal 42 Joer am selwechte Betrib beschreift si sech selwer mat engem Laachen als “Dinosaurier”. Mee een, deen ni stoe bliwwen ass.
“Et huet esou vill geännert, net nëmmen technologesch, och gesellschaftlech, dass ech mech ni gelangweilt hunn an ëmmer erëm nei Saache geléiert hunn.”
Et wier ni genuch gewiescht, nëmmen eng Äntwert ze kréien. Et wier och ëmmer dorëms gaangen, nach eng Kéier méi wäit ze goen, d’Journalistin beschreift sech esou, wéi vill Leit si an hirer Aarbecht gesinn hunn.
Si beschreift Interviewen als “eng Relatioun, wéi e Match”, wou jiddweree seng Technik, säin Temperament a seng Intuitioun matbréngt. Dat ass eppes, wat een net an engem Buch léiert.
Wa si op de Journalismus haut kuckt, gesäit si eng grouss Erausfuerderung: “Et ass ëmmer méi schwéier, an d’Déift ze goen.”
D’Vitess an d’Iwwerflächlechkeet géifen et schwéier maachen, nach an d’Déift ze goen.
“Wa mer nëmmen nach iwwer Biller an Emotioune consomméieren, da gëtt et problematesch.“
Gläichzäiteg bleift si differenzéiert. Et geet net drëms, dat Neit ofzeleenen, mee et richteg anzepaken. An d’Grondprinzippie vum Journalismus géifen déi nämmlecht bleiwen: Kontextualiséieren, net erofbriechen, oppassen op d’Sprooch, Héiflechkeet a Respekt.
D’Caroline Mart huet sech bewosst fir dëse Moment entscheet, elo opzehalen: “Et ass wichteg, dass een de Moment net verpasst, ze goen.”
Och an der Pensioun bleift si dem Beruff trei: “Ech ginn an d’Pensioun, mee ech bleiwe Journalist.”
Si wëll sech weider informéieren, liesen, Projete maachen an awer méi Zäit fir Famill a Frënn hunn: “Ech denken net, dass ech mech langweilen.”
Dem Caroline war an all deene Joren ëmmer wichteg Wësse weiderzeginn, och u jonk Journalistinnen a Journalisten.
Ech si lo selwer iwwer 10 Joer am Journalismus. An ech weess, wéi vill ech vun him geléiert hunn. Net nëmmen iwwer de Beruff. Mee iwwer Haltung, iwwer d’Wichtegkeet vun enger gudder Fro an iwwer d’Verantwortung, déi mir hunn. Et war vläicht net ëmmer einfach, mee ëmmer wäertvoll.
Merci fir déi vill Diskussiounen a Merci fir d’Vertrauen.
An eiser Summer-Serie Promi-Spot huet de Loic Juchem 2022 scho mam Caroline Maart op hir Karriär bei RTL zréckgekuckt.
Och an eisem Podcast “RTL inteam” huet d’Caroline Mart Kloertext geschwat an erzielt, wat virun der Kamera net gesot gëtt.