
Wéi d’amerikanesch Police mellt, sinn e Sonndeg de Moien zu Shreveport am Bundesstaat Louisiana Schëss gefall. 8 Kanner tëscht 1 a 14 Joer sinn dobäi ëm d’Liewe komm, wéi de Chris Bordelon vun der lokaler Police matgedeelt huet. “Et ass en immens groussen Tatort, op deem e puer verstuerwe Kanner ze gesi sinn.”
Kuerz no 6 Auer (Lokalzäit) war et deemno zu enger haislecher Ausernanersetzung komm, bei där ee Mann geschoss hätt. Dësen hätt eleng gehandelt a soll de Papp vu verschiddene vun de Kanner gewiescht sinn. Zwou weider Persoune wiere blesséiert ginn. De Verdächtege wier doropshi geflücht an da vun der Police bei enger Poursuite erschoss ginn. De Policespriecher huet betount, datt et keng Gefor méi fir d’Ëffentlechkeet géing ginn.
Shreveport am Nordweste vu Louisiana läit un der Grenz zu Texas. Et ass déi drëttgréisst Stad am Bundesstaat no New Orleans a Baton Rouge.