Siwen Autoen am CoupPilot Juha Miettinen bei Accident um Nürburgring gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Um Nürburgring ass e Samschdeg de 66 Joer ale Juha Miettinen an engem schwéieren Accident ëm d'Liewe komm.
Eng Ambulanz op der Pist vum Nürburgring, 18. Abrëll 2026.
Eng Ambulanz op der Pist vum Nürburgring, 18. Abrëll 2026.
© JACK BREKELMANS/NurPhoto via AFP

Bei enger véier-Stonne-Course um Nürburgring, bei där och de véierfache Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen matfuere sollt, ass e Samschdeg de 66 Joer ale finnesche Pilot Juha Miettinen bei engem schwéieren Accident ëm d’Liewe komm. Direkt am Ufank vun der Qualifying-Course ware siwen Autoen anenee gerannt.

Déi betraffe Chauffere waren all präventiv fir eng Kontroll an d’Klinik komm. Fir de Juha Miettinen sollt, am Spidol, awer näischt méi ze maache gewiescht sinn.

Fir d’Doudesaffer ass e Sonndeg eng Gedenkminutt virgesinn. Déi aner wieren iwwerdeems net a Liewensgefor, wéi et heescht.

De Verstappen sot, sech iwwer déi Sozial Medie “schockéiert” iwwert dat, wat um Circuit geschitt ass. Sou Tëschefäll géifen een drun erënneren, wéi geféierlech de Motorsport ass.

Back to Top
CIM LOGO