Paul Wurth S.A. huet d'Fondation Cancer am Kader vum Broschtkriibsmount "Rosa Oktober" ënnerstëtzt. Duerch d’Verkafe vu Bracelet'en, d’Sammele vu Spenden, an engem zousätzlechen Don vu 500 € vun der Direktioun konnt der Fondation Cancer déi generéis Zomm vun 1.500 € iwwerreecht ginn.

Paul Wurth wollt awer och hier Mataarbechter sensibiliséiere punkto Broschtkriibs a Preventioun an si besser iwwer dës Thematik informéieren. Si hunn dofir eng intern Sensibiliséierungscampagne gestart andeems Flyeren ausgedeelt gi sinn, souwéi eng Social Media Campagne intern an extern weidergeleet gouf. Ënner anerem hat d’Lisa Noesen, Professionnelle en santé publique bei der Fondation Cancer, d’Méiglechkeet eng Konferenz an de Raimlechkeete vu Paul Wurth ze halen. D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer, huet wärend der Scheckiwwerreechung all Bedeelegten häerzlech Merci gesot. Dës Solidaritéitsaktiounen erméiglechen der Fondation Cancer hir Missioune weider ze realiséieren: Informéieren, hëllefen an d’Fuerschung ënnerstëtzen.