Schecke vun allkéiers 3.000 Euro un zwou Organisatiounen iwwerreecht
E Sonndeg, den 9.11.25 hat den Nidderpallener Gesank op hiert Iessen invitéiert.
De President Freddy Sangers huet d'Leit begréisst an hinne Merci gesot, fir all Engagement am Laf vum Joer fir de Veräin.
Dobäi ass Geld an d'Kees komm, wat de Veräin net fir eegen Aktivitéiten ausgëtt, mee fir Leit, deenen et manner gutt geet.
Besonnesch huet hien dunn de Pater Jean-Jacques Flammang an d'Madamm Stéphanie Rosquin begréisst. Si si mat jeeweils engem Scheck vun 3.000 Euro fir hir Associatiounen iwwerrascht ginn.
Si zwee hunn häerzlech Merci gesot a spéider Infoen iwwert hir Associatioune ginn.
De Pater Flammang huet de Waasserprojet a Madagaskar vun "Heimat und Mission" virgestallt. Si hëllefen op der Platz deenen Äermste vun deenen Aarmen direkt doduerch, dass zum Beispill a verschiddenen Dierfer, déi ouni proppert Waasser sinn, Waasserpëtze gegruewe ginn, déi hinnen hëllefen, och wärend den Drécheperiode gratis Waasser ze kréien.
D'Stéphanie Rosquin huet Infoe ginn iwwert d'ASBL "pour une parenthèse". Déi setzt sech zanter 2019 dofir an, dass och zu Lëtzebuerg, wéi am Ausland, e Kannerhospiz gebaut soll ginn. D'Haus soll sech u Famillje vu Kanner riichten, déi op palliativ Soinen ugewise sinn – heescht, wou d'Kanner eng liewensverkierzend Erkrankung hunn. D'Iddi ass et, d'Famill iwwert de gesamte Wee begleeden ze kënnen: Vun der Diagnos un an iwwert den Doud vum Kand eraus. Zum enge wéilt een de Familljen erlaben, d'Kand rouege Gewëssens an eng kompetent Betreiung ze ginn, zum aneren awer och gemeinsam als Famill hei Zäit ze verbréngen.
D'Leit waren dono iwwerzeegt, dass d'Geld op deene richtege Plazen ukomm ass.