D’Mia Kerekes an d’Emma Weynandt sinn zwou Schoulfrëndinnen. Allen zwee si si am 4. Schouljoer zu Diddeleng op Lenkeschléi bei der Joffer Mim Schütz. “Mir wollten eppes zesumme maachen a gläichzäiteg anere Leit hëllefen.” Wei aus der Pistoul geschoss ginn d’Mia an d’Emma mir dës Äntwert wärend eisem Interview an der RTL City.
E Sonndeg, den 8. Mäerz hunn déi zwee Meedercher mat Hëllef vun hire Familljen am Nomëtteg vun 14.30 Auer bis 16.30 Auer an der Cité, an där si zu Diddeleng wunnen, Artikelen, Kuch a Kaffi fir den “Télévie” verkaf. “Mir hunn eng Spendenaktioun mat Kuch, Macramé, Unhänger a Lieszeeche gemaach. A mir hunn d’Kaffismaschinn erausgeholl a Kaffi gemaach”, erzielt mir d’Mia voller Freed.
Fir d’Awunner aus der Cité iwwer hir Aktioun z’informéieren, hunn déi zwou Frëndinne Flyere gebastelt. “Mir hu Flyeren op enger App gemaach. Dorops hu mir d’Häerz vum Télévie gesat an drop geschriwwen, wéini a wat mir verkafe géifen. Op engem Dag, wou bëssi schéi Wieder war, si mir déi Flyeren op eisen Trottinetten ausdeele gaangen”, sou d’Emma am RTL-Interview. Virun der Fuesvakanz hunn d’Emma an d’Mia eng 80 Flyeren an annerhallwer Stonn verdeelt. “D’Joffer Mim huet eis mat de Flyeren och gehollef. Si huet eng Foto gemaach an dës op de Schoulsite gesat”, esou d’Mia.
Am Diddelenger Quartier “Op Lenkeschléi”, op der Plaz Cécile Biever-Wagner, haten d’Kanner um Sonndeg hire Stand opgeriicht. Déi zwee haten Angscht, et kéimen net vill Leit. An d’Elteren hu sech gefrot, wat hir Kanner hinnen do agebrockt hätten. Et koum awer alles vill besser ewéi gemengt. “Et si vill Leit komm.” Dobäi laachen déi zwee Meedercher iwwert d’ganzt Gesiicht.
1.170 Euro hunn d’Mia an d’Emma gesammelt. “D’Leit hunn eis gelueft, datt mir dat gemaach hunn a si waren erstaunt vun eis”, erzielen d’Mia an d’Emma mir ganz houfreg wärend eisem Gespréich. D’Freed bei deenen zwou Frëndinnen iwwer déi grouss Ënnerstëtzung vun de Leit war riseg. “Mir hate vläicht mat 500 Euro oder esou gerechent”, sou déi zwee Meedercher.
En Dënschdeg, de 24. Mäerz waren d’Mia Kerekes an d’Emma Weynandt zesumme mat hire Mammen an d’RTL City komm, fir dem Diane Wunsch hire Scheck vun 1.170 Euro ofzeginn.