Den 21. November hu sech d'Virstandsmembere vu Gaart an Heem  Sektioun Réiden/Atert am Kader vun hirem traditionellem Hierkenowend am Festsall zu Osper vun hirer sozialen Säit gewisen. Si hunn nämlech e Scheck iwwert 1.500 Euro un de Gérard Peters fir de Plooschter Projet ausgehännegt. Dës Sue stellen den Deel-Erléis vum Hierkenowend 2024 duer.

Mat engen grousse Merci fir de schéine Geste, huet den Här Peters de Plooschter Projet kuerz virgestallt, wou dës Suen integral an d'Forschung vun de Stammzellen am Kampf géint Leukemie och wierkungsvoll investéiert ginn.