WM-QualifikatiounSchweden, Tierken, Tschechen a Bosnier fueren op d'WM, Italien nees net dobäi

Steven Milbert
En Dënschdeg stoungen déi europäesch Finalle vun de Play-Offs fir d'WM 2026 um Programm, wou déi véier lescht Tickete fir déi europäesch Ekippe verdeelt goufen.
© Jonathan Nackstrand / AFP

Um Enn kënne sech nieft de Bosnier, déi sech no der 4:1-Victoire am Eelefmeterschéisse géint Italien fir d’zweete Kéier iwwerhaapt fir eng Weltmeeschterschaft qualifizéiert hunn, nach d’Schweden, d’Tschechen an d’Tierken iwwert hiren Ticket fir d’Weltmeeschterschaft freeën. D’Italieener packen et deemno op en Neits net, sech fir eng WM ze qualifizéieren. Déi leschte Kéier, wou sech Italien fir eng WM qualifizéiere konnt, war iwwerdeems am Joer 2014.

An engem serréierten an interessante Match sinn d’Italieener no 15 Minutten duerch de Kean a Féierung gaangen, dee bei sengem Gol awer vun engem kapitale Feeler vum bosnesche Golkipp Vasilj profitéiere konnt. D’Bosnier hu sech vun dësem Géigegol awer net geschockt gewisen, si hu monter opgespillt a sech eng sëllege Chancë rausgespillt. Just déi néideg Reussite huet hinnen an den éischte 45 Minutte gefeelt. D’Italieener hu sech dunn an der 41. Minutt d’Liewe fir de weidere Verlaf vum Match selwer schwéier gemaach. Dëst nodeems de Bastoni als leschte Mann um Terrain no engem Feeler de roude Kartong gesinn huet. Nom Téi waren d’Bosnier beméit fir e Gol ze markéieren, mä zwéngenden Drock op den italieenesche Golkipp konnte si allerdéngs net ausüben. Et waren esouguer d’Gäscht aus Italien, déi am Numm vum Kean, déi geféierlechsten Aktiounen an der zweeter Hallschent haten, déi dës allerdéngs och net verwäerte konnten. De Bosnier sollt, wéi och schonns an der Halleffinall géint Wales, dunn awer nach de spéiden Ausgläich duerch den Tabakovic geléngen, dee seng Ekipp fir hir Méie beloune konnt. Doropshin hunn d’Bosnier op den zweete Gol gedréckt, deen hinnen net gelénge sollt. Deemno gouf et nach 30 Minutten drop, et ass also an d’Verlängerung gaangen. An dëser haten d’Italieener wuel déi besser Chancen, mä dovunner konnte si keng am Gol vun de Bosnier ënnerbréngen, soudatt d’Entscheedung am Eelefmeterschéisse fale sollt. An dësem sollten d’Italieener Nerve weisen. Si musse sech mat 1:4 an dësem géint d’Bosnier geschloe ginn.

Schweden ka sech dogéint an engem montere Match mat 3:2 géint Polen behaapten. Obschonns d’Polen zwee Réckstänn ophuele konnten, waren d’Schweden um Enn d’Gewënner. Duerch e spéide Gol vum Arsenal Stiermer Gyökeres, dee schonns an der Halleffinall géint d’Ukrain dräi Goler schéisse konnt, fueren d’Skandinavier am Summer op d’Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko.

An engem ëmkämpfte Match war d’Lokalekipp aus dem Kosovo an der éischter Hallschent, déi méi aktiv an zwéngend Ekipp. Esou konnten d’Kosovaren e puer Schëss a Richtung tierkesche Gol lassloossen, mä entweder hu si domadder de Potto getraff oder den tierkesche Golkipp konnt d’Schëss entschäerfen. Nom Téi hunn d’Tierken den Drock dunn erhéicht a konnten an der 53. Minutt den 1:0 markéieren. Dëse Gol sollt um Enn och duergoen, fir sech fir d’WM ze qualifizéieren. D’Tierkei gewënnt auswäerts deemno mat 1:0 am Kosovo.

Am Match tëscht Tschechien an Dänemark sollten d’Tschechen no Eelefmeterschéissen de längeren Otem behalen. D’Spectateure kruten eng dominant dänesch Ekipp ze gesinn, déi aus hirer spillerescher Iwwerleeënheet géint kämpferesch Tscheche kee Kapital schloe konnt a schonns no 3 Minutten engem fréie Réckstand hannendru lafe misst. An der Schlussphas vum Match sollt den Dänen dunn awer nach de verdéngten Ausgläich geléngen, soudatt et och an dësem Match an d’Verlängerung gaangen ass. An dëser konnten d’Tschechen virun heemeschem Public op en Néits a Féierung goen. Et war de Krejci, dee fir seng Faarwen aus kierzter Distanz markéiere konnt. Mä d’Däne konnten an der 111. Minutt duerch dem Högh säin Ausgläich dorobber äntweren soudatt et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass, well no 120 Minutte keng Decisioun fale wollt. An dësem kënne sech d’Tscheche mat 3:1 géint Dänemark duerchsetzen, woubäi d’Däne ganzer dräi Eelefmeter net verwandele konnten.

All d’Resultater mat de Goler am Iwwerbléck

Bosnien-Herzegowina - Italien 1:1 (4:1 no Eelefmeterschéissen)
0:1 Kean (15'), 1:1 Tabakovic (79')

Schweden - Polen 3:2
1:0 Elanga (19'), 1:1 Zalewski (33'), 2:1 Lagerbielke (44'), 2:2 Swiderski (55'), 3:2 Gyökeres (88')

Kosovo - Tierkei 0:1
0:1 Aktürkoglu (53')

Tschechien - Dänemark 2:2 (3:1 no Eelefmeterschéissen)
1:0 Sulc (3'), 1:1 Andersen (72'), 2:1 Krejci (100'), 2:2 Högh (111')

© Armend Nimani / AFP

Back to Top
CIM LOGO