
© AFP/Archiv/Frederic J. BROWN
Nodeems Apple domat soll gedreet hunn, Twitter aus dem Appstore ze verbannen, huet den neien Twitter-Chef Elon Musk dem Tech-Gigant de "Krich" erkläert.
"Apple huet domat gedreet, Twitter aus hirem Appstore ze huelen, awer si weigere sech, eis ze soe wisou", sou de Musk op Twitter.
Do virdrunner huet de Milliardär eng Rei Tweets gepost, an deenen hien Apple Zensur an de Mëssbrauch vun hirer Monopol-Positioun um Marché virgeheit. Dem Elon Musk no, dee sech selwer als "Absolutist vun der fräier Meenungsäusserung" bezeechent, sollt Twitter all gesetzlech erlaabt Bäitrag erlaben.
Réischt viru kuerzem huet hien déi gespaart Twitterkonte vun enger Rei ëmstridden Notzer nees reaktivéiert, dorënner och de Kont vum fréieren US-President Donald Trump.
Experten halen dem Musk säi Virgoe fir extreem geféierlech. Doduerch, datt keng Inhalter op Twitter moderéiert ginn, wéilten ëmmer manner Entreprisë mat der Plattform a Verbindung bruecht ginn.
Enn Oktober hat den Elon Musk Twitter fir 44 Milliarden Dollar iwwerholl an déi komplett Chef-Etage, sou wéi ronn 7.500 Mataarbechter entlooss.