
Wéinst de kalen Temperature geet d’Wanteraktioun net eréischt de 15. November op, mee schonn een Dag virdrun.
Fir vun der Wanteraktioun (WAK) Gebrauch ze maachen, mussen d'Leit, déi keen Ënnerdaach hunn, sech all Dag aschreiwen, fir an der Struktur ze iwwernuechten. Och waarm Molzechten, medezineschen a sanitäre Soin gëtt hinnen ugebueden, fir déi si sech och mussen aschreiwen.
Zejoert hunn 1.840 Sans-Abrisen dës Offer genotzt, am Ganze goufen et 27.994 Iwwernuechtungen.
D'Krittären, wie vun der WAK däerf Gebrauch maachen, goufe virun zwou Saisone verstäerkt. Déi, déi aus dem Ausland kommen, mam eenzege But, fir an der Wanteraktioun ze schlofen, si vun dëser Offer ausgeschloss. Bei Minusgrade géing awer jiddereen ënnerkommen. Bei 150 Nuechte wier dovun een Drëttel oder ee Véierel ënnert dem Gefréierpunkt. Fir dës Saison goufen d'Krittären net geännert.