
Am Duerchschnëtt kruten d'Banken nëmme 5,2 vu 15 méigleche Punkten a leien domat ënnert der internationaler Moyenne. IDV huet déi Etüd bei BankTrack an Optrag ginn, wat eng eng international, onofhängeg Net-Regierungsorganisatioun (ONG) ass, déi sech mat der Verantwortung vu private Banken auserneesetzt. De Fazit vun der Etüd, déi der Press en Dënschdeg presentéiert gouf, ass kloer: d'Banken zu Lëtzebuerg maachen net genuch a Punkto Mënscherechter.
Besonnesch grouss Mängel ginn et bei der Kontroll vu méigleche Mënscherechtsverletzungen, der Transparenz an dem Ëmgang mat betraffene Leit a Gemeinschaften. Keng vun den 12 Banke konnt noweisen, datt si effektiv Moossname fir d'Entschiedegung vu Leit ergräifen, déi duerch finanzéiert Aktivitéiten zu Schued komm sinn.

D'Etüd kritiséiert och, datt d'Banken déi betraffe Mënschen net genuch an hir Entscheedungen abezéien. Dacks géifen zwar allgemeng Richtlinne fir de Schutz vun de Mënscherechter bestoen, mee et feelt u konkreten Informatiounen doriwwer, wéi dës an der Praxis zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn.
D'Initiative pour un Devoir de vigilance fuerdert d'Banken op, méi Responsabilitéit ze iwwerhuelen, hir Finanzéierungen op méiglech negativ Auswierkungen ze kontrolléieren an transparent iwwer hir Resultater ze berichten. Och d'Regierung soll bei der Ëmsetzung vun der europäescher Direktiv iwwer d'Vigilanzflicht méi streng Reegele fir de Finanzsecteur virgesinn.
Lëtzebuerg wëll eng Virreiderroll bei den nohaltege Finanzen iwwerhuelen, d'Etüd géif awer däitlech maachen, datt dozou och de konsequente Schutz vun de Mënscherechter gehéiert an do nach vill Nohuelbedarf ass, gouf en Dënschdeg de Moien op der Pressekonferenz nach eemol ënnerstrach.