Déi alldeeglech Erliefnesser erféiere méi a méi déi Leit, déi sech un
all Recommandatioun a Reegelen halen a gläichzäiteg musse nokucken, wéi ëmmer méi dacks am Alldag näischt méi respektéiert gëtt, wat de Schutz an de Respekt vum Eenzelne géintiwwer sengem Matmënsch ugeet.

Masken entweder um Aarm hänken als Aarmband, op der Stir oder um Kënn als Méckefänkert oder einfach iwwerhaapt kee Mask,  firwat och,  mir si jo net ënnerzekréien.......

Ëmmer méi trefft een elo och Leit an de Geschäfter, de Bussen an Zich, déck gedréckt laanschteneen op den Trottoiren an ëffentlechen Anlagen, nLeit fir déi keng Reegele méi gëllen.  Et ass schwéier nozevollzéie wat an de Käpp vun esou Mënsche virgeet,  kee Respekt virum Matmënsch, Egoïsmus, Gläichgültegkeet, Ignoranz oder einfach Dommheet?

Si mer bis elo "gutt" ewech komm (wat ech net esou gesi mat 110
Doudegen) da sollte mer de Covid19 net ënnerschätze well de Grippevirus steet virun der Dier en plus eventuell nach verschidde bakteriell Infektiounen,  de Mogrippevirus net ze vergiessen, dat alles zesummen ass eng Zäitbomm.

Frot déi Leit déi um Iwwerliewensschlauch houngen a sech bis haut nach net erkritt hunn, schwätzt mat esou Mënschen an ech si sécher, dono wäert der d'Mask undoen a respektvoll Distanz halen.

Mir sëtzen all am selwechte Boot an ee klengt Lach kann d'Boot zum
Ënnergoe verdaamen.

D'Behuelen oder d'Verhale vu Verschiddene kann ee nach manner verstoen, zitt een a Betruecht dass jidderee 50 Maske vum Staat gratis krut an déi ware net geduecht fir se am Stroossekullang erëmzefannen.

Wat ech nach kritiséieren, ass de Präis deen an den Apdikte gefuerdert
gëtt fir P2 Masken wou bis zu 10 Euro d'Stéck kaschten, Masken déi no
eemolegem Gebrauch genee wéi déi chirurgesch Masken an der Poubelle entsuergt ginn. Och de Präis vun de chirurgesche Masken, dee viru kuerzer Zäit nach bei 65 Euro / 50 Stéck louch an haut 45 Euro/50 Stéck ass iwwerdriwwen deier an et versteet ee mannerbemëttelt Mënschen  datt se léiwer eppes um Teller wéi op Nues a Gesiicht hunn.

Ass d'Gestioun vun der sanitärer Kris wierklech sou gutt op de Präis vun de Masken an den Apdikte bezunn fir déi Leit déi sech all Dag an
iwwerall wëlle schützen iwwer de Wanter ewech......?

Elo 50 Stéck fir 45 Euro (ofhängeg wou een se keeft)

7,5 Euro fir eng P2 Mask

12,5 Euro fir eng Stofftemask

Ech bezweiwelen dass mannerbemëttelt Mënschen hir Suen an d'Apdikt droen, mee duerfir léiwer den Teller fëllen an de Risiko vum Ustiechen a Kaf huelen.