De President Macron huet sech nëmmen een Dag no der Demissioun vum François Bayrou also fir den 39 Joer ale Verdeedegungsminister decidéiert.

De Sébastien Lecornu ass zënter 8 Joer Minister. Hie gëtt de 7. Premier, zanter den Emmanuel Macron franséische President ass a kënnt aus der selwechter politescher Famill wéi den Emmanuel Macron. Do virdru war hie Member bei Les Républicains.

De Lecornu hätt elo den Optrag, sech mat de Parteien ze beroden, fir e Konsens mat Bléck op de Budget z'erreechen, heescht et vum Elysée en Dënschdeg den Owend. Dono soll hien natierlech dem Macron eng nei Regierung proposéieren. 
 
D'Kritiker sinn ausser sech: De franséische President hätt an Zäiten, an deenen hien extrem ëmstridden ass, einfach säi beschte Copain nominéiert. Hie géif de Geck mat de Leit maachen.
 
Vill Kritik kënnt zum Beispill och vun den Ecologisten. Si schwätzen an enger Provokatioun vum President Macron an de Jordan Bardella vum Rassemblement National schreift an de soziale Medien, d'Devise vum Emmanuel Macron wier wuel: "Et wiesselt ee keng Ekipp aus, déi verléiert."
 
E Mëttwoch - um Dag, wou a Frankräich alles blockéiert gëtt - ass am Matignon d'Passation des pouvoirs.