Audi Q6 e-tron
D'Evolutioun bei den Elektroautoe gëtt op Héichtoure viru gedriwwen. Och bei Audi, der Mark mat de 4 Réng.
Déi wëlle jo bis 2027 an all Kategorie och en E-Modell an der Gamme hunn. Elo gouf dann den Audi Q6 e-tron offiziell presentéiert, a fir eis war de Christian Schmit mat dobäi.
Mir waren am spuenesche Baskeland ënnerwee. Bilbao, San Sebastian, an d'Bierger a laanscht Küst goung et. Jee un Ofwiesslung huet d'Roadbook näischt ausgelooss. Esou ofwiesslungsräich wéi d'Wieder zu deem Moment.
Genee tëscht de groussen SUV Q8 an de méi kompakten Q4 passt den 4m77 laangen Audi Q6 e-tron. An där typescher Audi DNA steet e vrun eis, a soll sech un design-orientéiert Clienten riichten, déi awer och di technesch Fortschrëtter ze schätze wëssen. Déi perfekt Proportioune wësse schonn emol ze gefalen, a beim Q6 gouf och d'Aerodynamik nach weider optiméiert. Insgesamt gesinn, fir mäi Goût, eng ausbalancéiert Linn a stëmmeg Proportiounen.

Eng Liichtuergel op Rieder gëtt op Wonsch gebueden. D'LED-Schweinwerfer vir an och di hënnescht Luuchte kënnen ganz individuell programméiert ginn, a suergen da fir deen néidegen Whoaw-Effekt bei de Passanten.
Den Audi Q6 e-tron steet op der neier PPE Plattform, déi speziell fir Premium E-Autoen zesumme mat Porsche entwéckelt gouf. Jo, well de Macan huet di selwecht, wann och anescht interpretéiert.
Wéi ee Batterie-Pak ass da virgesinn, an zu wat ass deen am Stand?
Bon et muss een ënnerscheeden tëscht dem Q6 oder dem SQ6. 285kw Motorleeschtung oder 380kw. D'Lithium-Ione Batterie a sech kënnt op 95kw/h Stonn. Tëscht 4 a 6 Sekonnen op 100 an 210, resp. als SQ6 230 km/h, do wäert kaum ee sech beschwéieren.

An duerch di ganz Aeroydinamik-Progrèsen, an Effizienz-Efforte sollen dann 625 Kilometer no WLTP Norm dra sinn. Dat dierft allerdéngs schwéier ginn. Well bei affichéierten 24kw/h Verbrauch op enger ofwiesslungsräicher Streck vun 130 Kilometer, spillt sech d'Autonomie éischter bei 450 Kilometer of. An dat trotz Beméiunge bei der Recuperatioun.
Fuerleeschtunge leien op ganz héijem Niveau, a mat der transmission intégrale quattro électrique, och d'Sécherheetsgefill.

Et gouf eng 800 Volt Architektur verbaut, esou dass ganz performant geluede ka ginn. Vun deenen 2 Säiten kann den Audi un eng Borne, en Novum. 250km no 10 Minutte, am Idealfall, och wéinst der neier Wäermepompel an optiméiertem Thermomanagment.
Wéi presentéiert sech den Interieur?
Och hei ganz am Stil an der Audi-DNA. Modern, gutt verschafft, bequeem Sëtzer mat sportivem Ambiente, a mam neien HeadUp-Display hu sech d'Audianer richteg Méi ginn an nogeschäerft. De Curved Screen fält direkt op, a fir de Bäifuerer gëtt et och elo eppes ze kucke vrun der Nues, 3D-Sound a Boxen an de Kappstäipen inclus.
En eegenen Ecran, a ganz clever, oder vrun allem der Sécherheet geschëlt, eemol en route gesäit de Chauffeur net méi drop. Op deenen 2 Screene kann ee sech soss defouléieren, mat enger Abberzuel u Méiglechkeeten ass ee connectéiert. Och mat kënschtlecher Intelligenz KI ënnerstëtzt. Mat där "Digital Experience" dierft Zäit beim Stroum tanken esou am Nu verfléien.

Op e puer Plazen spiert een dann och de Käschtendrock. De Plastik passt op e puer Plazen dann net méi zum schicken Interieur. Et kann een och definitiv op d'Rees mam Q6 e-tron goen. 526 Liter an der Mall, ouni Ëmlëen + 64 Liter Frunk vir, dat ass pas mal. De Kabel fir ze lueden huet säi eegent Gefaach.

Wat muss dann op den Dësch gebliedert gi fir di Q6 e-tron Maschinn?
Fir den Audi aus der ieweschter Mëttelklass, deen och gläich disponibel ass, si bei eis op d'mannst 66.000 Euro fälleg, virun Optiounen. Sollt et den SQ6 sinn a der Garage, da geet et stramm Richtung 90.000 Euro an driwwer.
Fazit?
Audi ass mam Q6 e-tron an der ieweschter Mëttelklass e confortabelen an dach dynameschen E-Auto gelongen. Mee d'Konkurrenz an deem Segment ass scho present, an et muss sech weisen, wéi vill der dann elo zu de 4 Réng gräifen.
