Net manner wéi 4 Millioune Mol gouf de Mazda 6 scho weltwäit verkaf. Elo gëtt et e just nach als Elektroversioun. Ob déi Rechnung opgeet?

An dësem Automag geet et ëm e Bestseller vu Mazda. De Mazda 6 kenne mir alleguer, mee elo dann eng nei Generatioun am Showroom. An do huet sech de japanesche Konstrukteur dofir decidéiert, dass deen a senger neister Form elo nach just reng elektresch ugebuede gëtt. De Christian Schmit war op der Presentatioun an Däitschland mat dobäi.

Automag: Mazda 6e

Jo de Mazda 6, e Modell aus der Mëttelklass huet tatsächlech op der ganzer Welt Karriär gemaach, a kënnt antëscht op 4 Milliounen Exemplairen. Elo dann als Mazda 6e am Geescht vun der Zäit mat E-Power, an nom bescheidenen Erfolleg mam MX-30, de Renouveau.

RTL

© Christian Schmit

Wéi presentéiert sech dee Neien dann?

E mécht eng gutt Figur. E modernen Optrëtt op 4m92, an a senger Silhouette ass en als typesche Mazda ze erkennen. Zäitlos elegant war d’Virgab vun der 5-diereger Limousine un den Designer. Jo richteg héieren, kee weideren SUV, mee eng elegant Limousine. De Spoiler ass integréiert a fiert ab Tempo 90 km/h elektresch eraus.

RTL

© Christian Schmit

Wat gëtt dann u Batterie Leeschtung gebueden?

Mazda wär net Mazda, wa net wéi dacks fir eng Iwwerraschung gutt. Déi Kéier déi, dass et Batterië mat 69 an 80kw/h ginn, mee komescherweis luet déi Long Range Versioun méi lues wéi di kleng. Op der klassescher 11kw Borne mécht et ronn eng Stonn aus, an och beim Fastcharger brauch e Mazda 6e Long Range duebel esou laang fir vun 10 op 80% ze kommen.

RTL

© Christian Schmit

D'Leeschtung läit bei 245 an 258 PS. Op eisem Testparcours wou Stad, Iwwerland an Autobunnpassagen dobäi waren, ass e souverän ënnerwee mat gutt ausbalancéiertem Fuerverhalen. Fuerleeschtungen gi méi wéi an d’Rei, a ganz positiv hu mir e Verbrauch vun ënner 16kw/h notéiert. Esou kéint dat mat der Autonomie vun tëscht 480 a 550km klappen.

De Mazda 6e kënnt reng elektresch mee soss heescht Strategie bei Mazda: Multiple choice

An esou kënnt een elo mat Skyactiv, Hybrid an EV-Versiounen op 8 verschidde Motorisatiounen.

Bannenan, och elegant?

Genee et ass eng Kombinatioun aus Lieder an Alcantara, déi sech weise léisst a korrekt verschafft. Schued, dass ee bei all där Plaz hannen, wéinst dem Batterie-Package nawell net confortabel ënnerwee ass.

RTL

© Christian Schmit

Zwee Ecranen, ee virum Chauffer an e groussen an der Mëttelkonsol, mee leider wéi esou dacks dach komplizéiert ze bedéngen.

RTL

© Christian Schmit

Grousse Bemol, esouguer d’Wischeren aktivéieren oder Spigelen ajustéieren leeft heiriwwer, genee wéi de Recuperatiounsmodus.

Dann nach de Bléck an d’Präislëscht?

Do schléit d’Stonn vum Mazda 6e. E Präis-Leeschtungsverhältnes wat top ass. Ënner 40.000 Euro, a bal keng Oppräis-Optioune fir déi Limousine mat der 69kw-Batterie.

Mazda hat bis dato net vill ze bidde bei der Elektromobilitéit, mee dat kéint sech awer elo mat China-KnowHow séier änneren. E leeft dann och a China vum Band, an ab September scho bei iech am Alldag, wa gewënscht.

RTL

© Christian Schmit