Den 2er BMW als Grand Coupe, dann och nach mat engem potente Motor, dat versprécht eng interessant Kombinatioun ze sinn.

E BMW hätte mir iech dann elo am Automag unzebidden. Een wou hannen M235 drop steet. D’M-Modeller bei BMW, dat sinn déi di besonnesch sportlech taréiert sinn. Wéi fiert e sech, wat leescht en, a kënne mir eis e leeschten? De Christian Schmit huet d’Äntwert heirobber.

Automag: BMW 235 Gran Coupé

Also de BMW M235, dat ass e 4diregen Gran Coupé, dee sech och optesch ganz attraktiv a sportlech presentéiert. E gouf komplett iwwerschafft, mat villen technesche Raffinessen, an ass vu sengem Temperament hir duerchaus och eppes fir Ausflig op di berüümten Nordschläif um Nürburgring ze huelen, wa gewënscht.

RTL

© Christian Schmit

Wat stécht dann ënnert der Hauf a wéi fiert sech de Gran Coupé?

Den 2 Liter Turbo mat 300PS stemmt 400Newtonmter Dréimoment op d’Kurbelwell. Esou ass eng Acceleratioun a 5 Sekonnen op 100 dran, an bei gaaanz fräien Autobunnspassagen ouni Tempolimit géif d'Tachonol bei 250 stoe bleiwen.
Deementspriechend sinn d’Bremse vum 1600kg schwéieren M235 op esou Fuerleeschtungen ausgeluecht.

De Bass-Sound vum Moteur ass present, mee guer net desagreabel. Dat gëllt och fir d’Suspensioun am M-Package, déi de Spagat tëscht Confort a Circuit versicht, an och gréisstendeels hikritt.

RTL

© Christian Schmit

Jo dat mat der Freed um Fuere bei BMW passt hei, a relativ séier mierkt een, de fuerdynamesche Potenzial mat deem M-Technik-Package läit vill méi héich wéi dat wat de raisonabelen deeglechen Alldag op eise Stroossen zouléisst.

Gripp-Problemer ginn et och keng wëll Xdrive, also Allrad, dat mat der Kraaft um Makadamm anstänneg doséiert kritt.
Also di Woch, wou mir de Bavaria-Modell zur Dispositioun haten, huet Spaass gemaach, an och an der Noperschaft wollten der vill en Tour matfueren.

RTL

© Christian Schmit

Am Interieur ass een och gutt opgehuewen?

Jo duerchaus. Bannena geet et genee an der selwechter Linn virun. Di M-Sportsëtzer gesinn top aus, an halen dat wat si verspriechen. Di Mëschung aus Lieder an Alcantara huet mir ganz gutt gefall, genee esou wéi déi vill Detailer a Surpiqueren um Tableau de bord. Soss ass et dat gewinnte Bild vrum Chauffer, deen en och 1er BMW huet.
Hanne kann ee, wëll een als Erwuessenen awer net all ze laang ënnerwee sinn.

RTL

© Christian Schmit

Iwwer d’Leeschtung hu mir geschwat, komme mir zur Fro, kënne mir eis e leschten?

Soe mir emol esou, wien sech e leeschte kann, Präis 60.000 Euro, kritt e 4direge Gran Coupé gebueden, deen eng gutt Figur mécht, a mat sengen 300 PS méi wéi gutt am Fudder steet. Performant a konsequent M.

RTL

© Christian Schmit