Et gëtt Autosmarken, déi sinn an aller Mond, anerer si vill manner geleefeg bis quasi onbekannt. Zu där huet och SsangYong gehéiert.

Mat frëschem Kapital an neiem Elan gouf di Mark opkaf, an doraus ass da KGM ginn. Elo ass de koreanesche Konstrukteur KGM dann och nees zu Lëtzebuerg ukomm, an de Christian Schmit war beim Lancement mat dobäi.

Automag: Aus SsangYong gëtt KGM

"Hello Luxembourg, we are back" esou goufe mir vun de Responsabele bei KGM begréisst. Mat Autodis sinn et dann zwou Concessiounen hei am Land. Eemol ze gesinn am Showroom zu Esch an och um Mierscherbierg.
Mat enger breeder Gamme mellt ee sech zeréck, a KGM ënnerscheet do tescht Legacy Modeller an den New Developped Autoen. Wëll soen, därer déi nach ënnert der Regie vu SsangYong entwéckelt goufen, Tivoli, Musso an Rexton beispillsweis.

RTL

© Christian Schmit

Den Torres an de ganz neien Actyon sollen de Renouveau alauden. E prakteschen SUV mat engem Touch Coupé Style.
Et strieft een 1 % Maartundeel u mat 250.000 Autoen a ganz Europa. Op iwwer 80 Marchéen ass e weltwäit present, an et gëtt duerchaus Länner, wou d’Mark ganz beléift ass.

Technesch soll een an Zukunft dann och up to date sinn?

Jo an elo wou de Plug-In Hybrid eng Renaissance feiert, léich ee jo dann do scho mol richteg. Bon, mir konnte di zwee neier aus der Gamme nëmme kuerz fueren, mee do ass awer schonn op den éischte Kilometer de Progrès ze erkennen.
Et wëllt ee sech awer och präislech mam Slogan "Qualité à prix abordable", ganz attraktiv positionéieren.

RTL

© Christian Schmit

Wéi vill der elo zu KGM gräifen, bleift ofzewaarden. Net sou bekannte Marken hunn et gemenkerhand net einfach. Op alle Fall kënnt am September schonn deen nächste neie Modell. Dat ass de Pick-Up Musso, an elo reng elektresch. Dee kann da vu sech behaapten, deen éischte reng elektresche Pick-up "Made in Korea" ze sinn.

RTL

© Christian Schmit