Volkswagen Tayron
Beim VW Tayron als Plug-In Hybrid muss een op Allrad a 7 Plaze verzichten. Ob e fir de Recht iwwerzeege kann, huet de Christian Schmit erausfonnt.
Ze grouss, ze kleng, vläicht eppes an der Mëtt géif passen? Déi Fro gëtt sech dacks bei der Wiel vum passenden Auto gestallt. Bei VW koum jo dofir tëscht dem Modell Tiguan an Touareg am Fréijoer den Tayron. De Christian Schmit konnt dësen elo am Alldag testen.
Mir waren mam dach 4m80 laangen Tayron op d’Rees. En ideale Reesbegleeder, wou vill dra passt. Effektiv an den Dimensiounen genee tëscht deenen aneren zwee VW-Modeller. Do passt vill dra fir den Alldag, ob elo Akeef, Wallissen, Family, de Mupp, oder einfach alles zesummen.

© Christian Schmit
Awer just zu 5 geet et mam Plug-In Hybrid op den Tour, mat 7 Passagéier net, dat geet nëmme bei den anere Versiounen, ouni zousätzleche Batterie-Pak vu bal 20 kW an der Mall.
Dat gëllt leider och fir 4 Motion, d’4X4-Traktioun. Och déi Optioun fält beim Plug-In ewech. Schued! Bon, mat enger voll geluedener Batterie ginn 120km Autonomie reng elektresch ugewisen.
An dat geléngt dem Tayron?
Wéi esou dacks net ganz, och wa mir zimmlech brav ënnerwee waren, an den Testauto och net voll getässelt gouf. Mee nobäi 100km sinn awer duerchaus dran. Deemno kann ee mam Tayron am Alldag den Trajet fir op d’Schaff ouni Emissiounen absolvéieren.

© Christian Schmit
Mee et heescht reegelméisseg lueden, well nëmmen esou fonctionéiert dat Zesummespill vun deenen zwou Energiequellen, a schount de Portmonnie beim Verbrauch. Well ass di E-Power opgebraucht, da spréngt de Verbrauch ganz séier vun 2 op 7 Liter a méi.
Mat der gebuedener Leeschtung ënnert dem Capot kann een zefridde sinn, an och mam Interieur?
Jo mam 1.5 eHybrid an 272 PS System-Leeschtung léist et sech gutt liewen. An eppes iwwer 7 Sekonnen op 100, 215 km/h Spëtzevitesse wären dran, voilà ech mengen do gëtt et näischt ze meckeren.

© Christian Schmit
Den Tayron sonnert sech och am Interieur vum Tiguan of, mat vill Luxus Richtung Premium-Segment orientéiert. D'Veraarbechtung ass gutt, kaum haarde Plastik. E speziellt akustescht Glas reduzéiert den Dezibel bannenan. Do spréngt e ganz groussen 15 Zoll Ecran an d’A, iwwert dee quasi alles regléiert gëtt. Bei Connectivity, Infodivertissement, inklusiv Voice Assistant mat ChatGPT ass ee gutt ënnerwee, an duerch e laange Radstand a Massagesëtzer och ganz confortabel.

© Christian Schmit
Wéi fält de Fazit aus?
En interessanten confortabelen a chicen Allrounder, dee säi Präis huet. Den Tayron 1.5 eHybrid an der R-Versioun koum op iwwer 60.000 Euro. Vill Geld fir de Familljebudget.

© Christian Schmit