An dësem Automag si vill Päerd am Spill, nämlech am Ganzen 1.040 PS.

Wann ech soen am Ganzen, da schwätze mer an den nächste Minutten iwwer zwee Autoen. Engersäits den Audi RS3 an anersäits den Audi RS Q8 Performance. De Rich Simon konnt se béid fueren.

Automag: Audi RS3 an RS Q8 Performance

Komm mir fänke mat deem un, dee bësse manner Päerd huet, nämlech mam RS 3. Dee krut elo ee Facelift, an dat elo an der 3. Generatioun. Ech soen et direkt. Um Moto huet sech näischt geännert. Ganz nom Motto: "Never change a winning Team". Am RS 3 ass nach ëmmer de legendäre 2,5 Liter 5 Zylinder Turbo dran, deen och nach ëmmer 400 Päerd huet a 500 Newtonmeter. D'Auspuffe goufe iwwerschafft an de Sound ass elo nach besser. Vun 0 op 100 geet et do an 3,8 Sekonnen vun Null op 100 an d'Spëtzt geet, wann een sech et géint Bezuelung fräischalte léist bis 290 Kilometer an der Stonn. Am Normalfall ass bei 250 Schluss.

Wat huet dann awer elo geännert?

D'Ingenieure vun Audi Sport hu virun allem um Setup gebastelt, fir den Auto virun allem an de Kéieren nach méi séier ze maachen. Zesummespill tëscht den adaptive Amortisseuren, dem ESP a.s.w. gouf optimiséiert. Doduercher soll, respektiv kann ee méi séier an der Kéier nees op de Gas goen, ouni datt den Auto iwwersteiert. Um Circuit hätt een dat gären, mam Virgängermodell getest, dee stoung awer net zu Verfügung. Mee et muss een den Auto awer wierklech bis op d´Äusserst dreiwen, oder awer keen oder net vill Gefill am Fouss hunn fir den RS 3 un d'Wackelen ze kréien. Den Auto pecht um Goudron.

RTL

Wann ee vu Facelift schwätzt, dann huet sech am Prinzip awer och eppes um Design gedoen

Dat ass bei RS 3 och de Fall. Allerdéngs gouf net all ze vill baussen um Auto geännert. De Külergrill ass méi breet ginn an och hannen ass de sougenannten Diffuser fir déi zwee Auspuffen och vergréissert ginn. Dat sinn déi zwou grouss Ännerungen an déi loossen den RS 3 dann och méi grouss wierke wéi säi Virgängermodell, obwuel d'Längt, d'Breet an d'Héicht net geännert hunn.

RTL

Och bannen am Auto huet sech net därmoosse vill geännert. Et gouf haaptsächlech an een neit Steierrad investéiert. Dat ass elo net méi komplett ronn wéi een et bis elo aus dem RS 3 kannt huet, mee uewen an ënne riicht.

Da falen zwee relativ grouss Knäppercher op, mat deenen een onkomplizéiert vum RS Modus an dee vum Circuit ka wiesselen a wou een den Auto esou kann astellen, wéi ee mengt, datt et am beschte wier. Dat sinn zwee flott Eyecatcher, déi dat sportlecht vum RS 3 nach eng Kéier ënnersträichen.

RTL

Vun de 400 PS gi mir da bei déi 640 vum RS Q8 Performance

D'Audi Spezialisten dierften elo direkt d'Ouere gespëtzt hunn. 640 Päerd, sinn der 40 méi wéi am normalen RS Q8. Et sinn der och 10 méi wéi am RS6 GT. Dat bedeit, datt den RS Q8 Performance dee stäerkste Verbrenner ass, deen déi Ingolstädter bis elo op de Marché bruecht hunn. Mir schwätzen also vu 4 Liter V8 Bi-Turbo. An och hei ass de Sprint vun 0 op 100 net onwichteg. Dee realiséiert den SUV an 3,6 Sekonnen an dat bei engem Gewiicht vu bal 2,4 Tonnen. Dat léist sech méi wéi weisen. De Sound gouf, genee wéi beim RS 3 nach verbessert.  Déi 8 Zylinder sinn elo Erotik pur fir d'Oueren. D'Spëtzt geet bis 305 Kilometer an der Stonn.

RTL

Wéi gesäit et dann konkret op der Strooss mam Auto aus?

Vill besser kann een en Auto net maachen. Dat däerf ee roueg mol eng Kéier esou soen. Et huet een einfach d'Gefill, datt alles perfekt openeen ofgestëmmt ass. Vitesse plus Gewiicht musse kontrolléierbar sinn. Dofir si serieméisseg Keramikbremse montéiert. D'Loftfiederung schléckt all Lach an all Knupp. D'Maschinn léist sech trotz sengem Gewiicht a senger Gréisst, och wann ee méi sportlech ënnerwee ass, net aus der Rou bréngen. Esouguer wann een um Circuit fiert, wat déi allermannst dierfte mat deem Auto maachen, mengt een et wier ee mat engem Gocart zu Monnerech op der Pist ënnerwee.

RTL

Wat den Design ugeet, ass genee wéi beim RS 3, virun allem vir an hannen alles e bësse méi breet ginn. Bannen am Auto huet sech net vill beim Facelift geännert. Do muss ee schonns bal d'Lupp eraushuelen, fir Ënnerscheeder ze gesinn.

Béid Autoen, also den RS 3 an den RS Q8 Performance, hunn a hire jeeweilege Segmenter elo och nees de sougenannten Nürburgring-Rekord zeréck. Den RS 3 war méi séier (7:33,123 Minutten) wéi de BMW M2, dee bis elo der Rekord hat op der 20,8 Kilometer laanger Streck. Dat beweist, datt een och ouni PS dropzeleeën, méi séier ka sinn, an datt beim Setup dach nach vill aus engem Auto erauszehuelen ass.

RTL

Den RS Q8 Performance war op der Nordschleife méi séier (7:36,698 Minutten) wéi de Porsche Cayenne Turbo GT. Fir eng Mark sinn dat prestigiéis Rekorder, déi gutt an de Portfolio passen.

Béid Modeller sinn net geschenkt. Den RS 3 Sportback kritt ee vun 69.280 Euro un an  d'Berline vun 70.390 Euro un. Den RS Q8 Performance fänkt bei 155.570 Euro un.