Et huet een de Choix tëscht engem reng elektresche BYD Seal U, an engem Plug-In Hybrid. Wéini mécht wéi ee Sënn? De Christian Schmit huet et getest.

An dësem Automag gëtt chineesesch opgedëscht. Made in China, déi Kéier awer net am Restaurant mee am Alldagstest am Auto. Gläich zwee Modeller vu BYD, steet jo fir „Build your Dreams“. Ass et dann elo en Dram déi zwee ze beweegen? De Christian Schmit souz hannert dem Volant fir de Vergläichstest.

Automag: BYD Seal U PHEV an EV

Jo an et sinn och keng Nummere wéi am chineesesche Restaurant. Reng elektresch oder Plug-In Hybrid? Wat eegent sech besser am Alldag, dat war hei d’Fro.

Ugetrueden sinn de BYD Seal U, 100% elektresch mat 87 kw/h Batterie an 218 PS.

RTL

© Christian Schmit

An op der anerer Säit den identeschen Modell Seal, wou dann hannen um Hayon U DM-i steet. DM steet fir Dual Mode an et sinn e 1500er Motor mat 218 PS Systemleeschtung zesumme mat der Batterie vun 18kw/h. E Maximum elektresch ënnerwee sinn, an awer net onbedéngt op e Stecker ugewisen.

RTL

© Christian Schmit

De Plug-In Hybrid feiert seng Renaissance
Jo net nëmmen bei BYD proposéiert een elo di zwou Varianten. Well och wann d'Zuel u Borne permanent wiisst, zécken der nawell vill, fir reng elektresch wëllen ënnerwee ze sinn. A bei BYD sinn et jo elo nach Modeller an der Gamme, déi als Plug-In Hybrid kënne bestallt ginn.

Di zwee sinn an der Kategorie SUV ënnerwee
Genee. An zwar beweegt een hei mat bal 4m80 e groussen SUV. Den Design ass duerchaus gelongen, och wa sech elo net reieweis no him ëmgedréint gëtt. Dat schmuelt Band mat de Luuchte vir an hannen weess ze gefalen. Eng gefälleg Silhouette aus der Design Fieder vun engem Däitschen, dee laang zu Wolfsburg geschafft huet.

RTL

© Christian Schmit

Och bannenan mierkt een op wéi engem héije Niveau d’Chinesen elo spillen. Haptik a Veraarbechtung si ganz gutt, Plaz vir an hannen passt et, jo esouguer zu 5 kéint et op den Tour goen. Dat zweefaarwegt Lieder am ganzen Interieur huet mir perséinlech ganz gutt gefall an dréit zum agreabelen Ambiente bäi. Dass den Ecran an der Mëttelkonsol sech dréine léisst, fält ënner Gimmick.

RTL

© Christian Schmit

An der Mall dann Differenzen. Wéinst der Batterie beim Plug-In Hybrid passt do e gutt Stéck manner eran.

Wou leien dann d’Ënnerscheeder bei de Fuerleeschtungen?

Also de Plug-In Hybrid absolvéiert de Sprint op 100 an 9 Sekonnen a packt et bis op 170 km/h. Wien dat net all ze dacks ausreizt a reegelméisseg brav den Akku opluet, kann iwwer 1.000 Kilometer wäit kommen. Reng elektresch tëscht 60 a 70 Kilometer. Et wëll een esou eng reell Alternativ fir Diesel Fraktioun ginn.

De reng elektresche Seal SUV versprécht eng 500km um Pabeier, wat awer aus Erfarung och net realistesch ass. A leider luet de BYD net rapido.

Wat hale mir als Fazit fest?
Béid Variante si präislech, bei guddem Ekipement a gudder Veraarbechtung ganz interessant. Made in China eben. Et kënnt drop un op een dacks wäit ënnerwee ass, soss geet d‘Autonomie vum Seal U an der E Versioun och déck duer.

RTL

© Christian Schmit