Fir Alpine sti grouss Changementer un! D’Neiinterpretatioun vum A110 leeft am nächste Summer no iwwer 10 Joer aus, den Nofollger wäert sécher kee Verbrennungsmotor méi ënnert dem Capot hunn. Esou geet et och dem neiste Worf, dem A390, deen de Paul Origer fir eis zu Malaga eng éischte Kéier fuere konnt.
Electric only: Alpine start an eng nei Zäit a konzentréiert sech op den elektreschen Undriff – nom A290 start elo de grousse Brudder A390.
Den Design
Racing Car in a Suit, esou huet et op der Presentatioun a Spuenien geheescht. Déi sportlech Design-DNA vum A110 sollt weiderliewen, mat Elementer aus dem Motorsport a modernen Atouten, wéi enger spezieller Luuchtesignatur. Wie sech awer elo traut, d’Wuert SUV oder SUV-Coupé an de Mond ze huelen, dee soll lauschteren: den A390 ass ee Sport-Fastback – wann och keen all ze klengen. 5 Dieren, eng grouss Mall, eng relativ impressionnant Karosserie, e bësse wéi wann een den A110 opgeblosen hätt.

Den Interieur
Dee setzt de Sportsgeescht weider fort. D’Steierrad mam knallrouden OV-Button, fir de klenge Boost tëschenduerch, kenne mer aus dem méi klengen A290, genee wéi de Knapp fir d’Fuermodi an den Dréischalter fir d’Rekuperatioun. Gutt gelonge sinn d’Sportssëtzer, déi ee fir 2.500 Euro Oppräis och vu Sabelt kréie kann, esou wéi dat allgemengt Raum-Gefill.

Bis op deen ze héije Buedem, dee mir just eng suboptimal Sëtzpositioun verschaaft an hannen ënnert de Sëtzer keng Plaz fir d’Féiss léisst, ass den A390 ee relativ geraimegen Auto, dee mat senge 532 Liter Mall och enger klenger Famill gutt Déngschter leeschte kann.

Den Undriff
Den A390 ass deen zweeten Elektro-Alpine mat richteg Wuppes ënnert dem Capot - an ënnert der Mall, well direkt 3 Motoren – 1 vir an 2 hannen - dreiwen de sportleche Fastback un. Zesumme ginn dat 400 PS beim GT a 470 beim GTS entweder hannen, oder, wa gebraucht, un alle 4 Rieder.

D'89 kW-Stonne-Batterie versprécht maximal 557 km, geluede gëtt se mat 150 – 190 kW u Gläichstroum esou dat ënnert enger hallwer Stonn vu 15 op 80 Prozent gepackt ass. En Alpine-Client interesséieren awer och aner Donnéeën, an do brauch den A390 sech net ze verstoppen. De Sprint op 100 geschitt an nëmme 4,8 respektiv 3,9 Sekonnen a maximal 200, respektiv 220 km/Stonn sinn als Spëtzt dran.

Op der Strooss
Déi éischt Impressioun ass änlech wéi beim klenge Brudder. Den A390 ass kee wëllen, haarde Racer, mee e richteg gutt motoriséierte GT. Seng iwwer 2,1 Tonnen hunn d’Alpine-Ingenieure mat enger nei entwéckelter hënneschter Achs an deem richtege Setup un Allradundriff a Fuerwierk gutt an de Grëff kritt. Den A390 fiert zackeg an handlech, beschleunegt extreem gutt a virun allem ëmmer am séchere Beräich. Kleng Bemole ginn et trotzdeem... der vill ze liichter Steierung feelt et u Feedback an d’Iwwersiichtlechkeet geet nawell staark op Käschte vum Design.

Am Resumé
Gutt verschafft, flotten Design, vill Leeschtung – u sech eng flott Alternativ ouni wierklech Konkurrenz. Bei ronn 65.000 Euro geet de Spaass lass, déi vill interessant an deier Optiounen loossen de Präis awer séier klammen.
