Automag - Am AlldagstestAudi Q3

Andy Brücker
De Verbrenner bleift beim beléifte Q3 weider Tromp.

An dësem Automag schwätze mer iwwert déi drëtt Generatioun vun engem kompakten SUV aus dem Haus Audi. Et war allerdéngs en éischter holperege Start an den Test, wéi den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun huet musse feststellen.

Automag - Audi Q3

Jo, ma fir et direkt ze soen, dofir konnt Audi absolut näischt. Déi international Presentatioun war zu Glasgow, mir waren och scho prett um Findel fir fort, ma leider hat den Niwwel eis e Stréch duerch d’Rechnung gemaach, sou dass mer guer net bis dohinner komm sinn. E puer Woche méi spéit krut ech dunn awer en Testauto vun Audi zur Verfügung gestallt, fir heiheem déi éischt Meter ze fueren.

© Andy Brücker

Wat war dann däin éischten Androck?

En ass sécherlech ëmmer nach als Q3 z’erkennen, allerdéngs ass en, wéi sou dacks, en Tick méi grouss ginn. 4m53 ass e laang, wouduerch e méi no un d’Mëttelklass erukënnt. D’Fënsterlinn leeft no hanne méi schmuel zesummen, wouduerch déi hënnescht Schëller méi massiv wierkt.

© Andy Brücker

Un der Front an um Heck huet sech nach e bësse méi verännert, dat virun allem duerch déi nei LED-Matrix-Luuchten an de Külergrill. Vir wierkt et bal, wéi wann d’Luuchte géife blënzelen, sou schmuel ass hei den Design ausgefall.

Du hues de Külergrill ugeschwat, deemno ass hei nach e Verbrenner verbaut?

Jo Tatsaach... Audi bleift beim Q3 dem Verbrenner trei an et gëtt och kee rengen Elektro. Et kann ee wielen tëscht Diesel, Bensinn oder Hybrid. Bei 150 PS geet et lass an an der Spëtzemotoriséierung si mer bei 272 PS beim Plug-in-Hybrid.

An eisem Testauto war den 2 Liter TFSI mat 265 PS a 400 NM verbaut. De Sprint vun 0 op 100 geschitt a 5,7 Sekonnen a Schluss ass bei 240 km/h.
8,9 Liter op 100 gi laut Dateblat versprach. Ech loung bei 9,3 Liter, hunn allerdéngs och net wierklech op de Verbrauch opgepasst a si keng laang Strecke gefuer.

© Andy Brücker

Wa mer da scho beim Thema “fuere” sinn, wat ass dir dann do opgefall?

© Andy Brücker

Fir d’alleréischt emol, dass den Hiewel fir d’Schaltung elo riets hannert dem Steierrad ass. Dat ass jo schéin a gutt, ma de Wischerhiewel ass elo no lénks gewandert, zousätzlech bei den Hiewel fir d’Luuchten. Do gräift een dacks an d’Eidelt, wann een de Wischer riets wëll aktivéieren, a lénks sicht een emol eng Zäitchen, bis een de richtegen Knäppchen, Dréirad, Hiewelchen oder wat och ëmmer getraff huet. Mat der Zäit gewinnt ee sech vläicht drun, ma ech hu mech schwéier gedoen.

Da kommen nach eng Abberzuel un Touch-Knäppercher um Steierrad dobäi, vun deenen ech souwisou kee Frënd sinn. D’Touch-Funktioun funktionéiert allerdéngs scho besser wéi dat bei den éischte Generatiounen nach de Fall war.

© Andy Brücker

D’Steierrad läit gutt an der Hand, e bësse schued hunn ech allerdéngs fonnt, dass den “S” -Logo vun Audi, deen op d’Ausstattungslinn “S-Line” hindeit, quasi ausgesäit, wéi wann et e bëllege Sticker wier. Ech denken net, dass en mat der Zäit ofgeet, ma dat war scho mol méi héichwäerteg verschafft an der Vergaangenheet.

© Andy Brücker

Alles an allem ass d’Veraarbechtung am neie Q3 allerdéngs héichwäerteg. Vun de Sëtzer, iwwert d’Haptik vun de verbaute Materialien bis d’Ambientebeliichtung mat flotten Elementer an den Dierpanneauen.

© Andy Brücker

D’Iwwersiicht op dat 11,9 Zoll Kombiinstrument an den 12,8 Zoll Touchscreen si gutt an och d’Navigatioun duerch d’Menüen ass souwäit logesch opgebaut a reaktiv.

Zeréck awer bei d’Fueren, wourëm et jo eigentlech an der Fro gaangen ass. De Q3 fiert sech gutt, Leeschtung ass masseg do, d’Fierderung ass stramm mat net onkomfortabel. Wou een nach emol misst no-ajustéieren, wier bei der Software vun der Schaltung, well déi ass beim Ufuere quasi konstant zimmlech ruppeg. Am Stop-and-Go-Verkéier ass dat wierklech net agreabel ze fueren.

Wéi fält dann däi Fazit aus a wat muss ee fir en neie Q3 op den Dësch leeën?

De Q3 war ëmmer e beléiften SUV an dorunner dierft sech och mam neie Modell näischt änneren. Wien Audi fuere wëll, dee muss bekanntlech méi déif an d’Täsch gräifen, dat ännert och net an dësem Fall. Bei knapp 41.500 Euro geet et lass. Eisen Testauto als “S-Line” mat dem décke Motor an Allrad koum op 78.418 Euro.

© Andy Brücker

Back to Top
CIM LOGO