Automag - Am AlldagstestJaecoo 8

Paul Origer
Influenze vu Land Rover a Mercedes - gutt ëmgesat zu engem faire Präis. Ma beim Infotainment ass nach Loft no uewen.

Ass iech schonn opgefall, et sinn nawell ëmmer méi Autoe mat onbekannten Nimm op eise Stroossen ënnerwee - eng vun deene Marken, déi een dacks begéint ass Jaecoo, deenen hir Gamm haaptsächlech aus SUV besteet. De Paul Origer huet de 7-Sëtzer am Alldag op Häerz an Niere gepréift.

Automag: Jaecoo 8

Jaecoo ass eng relativ nei Autosmark vum chineeseschen Autosconstructeur Chery Automobile. D'Mark gouf 2023 zesumme mat der Schwëstermark Omoda um europäesche Marché lancéiert a riicht sech virun allem u Clienten, déi SUVen am Premium- oder gehuewene Mëttelklass-Segment sichen.

Den Design
Op den éischte Bléck fält e gewëssene Glach zu Land Rover op an dee kënnt net vun ongeféier. Chery huet an der Vergaangenheet Ingenieuren an Designer engagéiert, déi virdrun och fir europäesch Marken, dorënner Land Rover, geschafft hunn. Soss besteet awer keng Kooperatioun tëscht béide Marken. Den Design ass op jidde Fall gefälleg an héichwäerteg, dofir suergen de grousse Grill, d'Greenhouse am Schwaarzen an déi glat Flächen.

© Paul Origer

Den Interieur
Gouf sech bausse bei LandRover inspiréiert, esou ass de Banneraum Copy-Paste vu Mercedes, wat awer näischt Schlechtes heesche muss. De Banneraum gesäit mat vill Alcantara, Lieder, mëlle Flächen am Neopren gutt aus an ass erstaunlech gutt verschafft!

© Paul Origer

Just d’Sëtzpositioun ass fir méi grouss gewuessen Europäer suboptimal... ze no beim Tableau a beim Bannespigel. Hei hätt ech mer et e bësse méi lëfteg gewënscht. Dofir ass een an der zweeter Rei besser ënnerbruecht. D'Rei 3 fir dee sechsten a siwente Passagéier si wéi esou dacks just ganz klenge Kanner zouzemudden. Besser léisst ee se am Buedem an notzt dofir déi relativ grouss Mall vun iwwer 700 Liter.

© Paul Origer

Den Undriff
Hei geet Jaecoo ee bësse méi exotesche Wee. Am ganze 4 Motoren – ee 1500er Turbobensinner an 3 Elektromotoren leeschten zesummen 428 PS. Dem Verbrenner säin Haaptjob besteet awer am Luede vun der Batterie, well den Jaecoo quasi nëmme mat der Kraaft vun den Elektromotoren fiert, wat trotz dem héije Gewiicht vun iwwer 2,2 Tonnen immens respektabel Fuerleeschtunge méiglech mécht. Ugedriwwe gëtt prinzipiell déi hënnescht Achs, jee no Besoin schalt déi viischt elektresch mat bäi.

Op der Strooss
Den Jaecoo ass grouss a schwéier, an trotzdeem huet de zackegen Tour iwwert kleng an enk Landstroossen am Hunsrück Spaass gemaach. Et ass ëmmer genuch Leeschtung an Dréimoment do, d'Steierung ass wierklech gutt ofgestëmmt a gëtt Feedback. Eng vun de Stäerkten ass d'Fiederung, déi sech mat magnéiteschen Amortisseuren upasse léisst, generell awer mat engem immens gudde Kompromëss tëscht Confort a Sportlechkeet gefält!

© Paul Origer

Wou awer eng gehéierlech Schëpp muss ugeluecht ginn, dat ass bei den Assistenzsystemer. Besonnesch de Spuerhaleassistent ass onberechenbar, onstabil an nerveg. En auszeschalten ass genee esou nerveg, well d'Menüféierung vum Infotainment onlogesch an onpraktesch opgebaut ass. Ass een z.B. am Android Auto ënnerwee, kënnt ee just bei d'Astellunge vum Auto, wann een aus dem Android Auto komplett erausgeet. Direkt Taste fir z.B. d'Klima sinn dee Moment keng do.

Am Resumé
Een Haaptargument fir den Jaecoo 8 hu mer nach net beschwat – dat ass de Präis. 54.900 Euro fir e 7-Sëtzer mat iwwer 400 Päerd a quasi voll equipéiert - dat kënnen déi europäesch Marken net schloen. Wiem déi puer Schrullegkeeten egal sinn, dee kritt wierklech vill Auto fir seng Suen an uewendrop och nach 7 Joer Garantie!

© Paul Origer

Back to Top
CIM LOGO