Automag - Am AlldagstestKia Stonic

Dominique Riefstahl
Méi grouss wéi ee mengt, gutt verschafft, ma beim Infotainment ginn et kleng Minuspunkten.

De Kia Stonic ass en Auto, dee sech eegestänneg wëll vum Design hier. Hie soll den Alldag packen, praktesch sinn an dobäi net ze vill kaschten. Eng Aufgab, déi vill Hiersteller sech virhuelen, mee net all erfëllen. En dicht besaten Terrain, an deem dëse gelëfte Stonic sech weider etabléiere wëllt – als typesche City-Flitzer fir déi, déi e bësse méi héich sëtze wëllen.

© Dominique Riefstahl

Design

Futuristesch kanteg Luuchten an en Auto ganz am "Caca d'Oie" ass eng gewote Kombinatioun. Den Design behaapt rough and rugged ze sinn, wei d'Englänner géife soen, mat markante Parechocken a Verkleedung, ouni wierklech Tout-Terrain-Fäegkeeten. En eegenaartege Choix ass awer grouss schwaarz plastiks Parechocken ze entwerfen, mee dann deen Deel, deen tatsächlech och mol e klenge Rempler sollt absorbéieren, ze lackéieren. Ästhetesch vläicht besser, praxisgerecht fir e City-Flitzer, net onbedéngt.

© Dominique Riefstahl

Interieur

Bannen iwwerrascht de Stonic mat mei Plaz wéi ee kéint erwaarden. Och bei engem 2 Meter grousse Fuerer passt nach en Erwuessenen an di zweet Rei an d'Astellungsméiglechkeeten erlaben eng optimal Sëtzpositioun ze fannen. Dat wäisst Simili-Lieder hellt de Wunnraum gutt op, wierkt héichwäerteg, wann och de ville Plastik op den Dieren dat erëm e bësse relativéiert. Schwaarz Stoffsëtzer setzen do e flotte Kontrast a sinn am Entretien einfach ze handhaben. D'Mall fält och grouss genuch aus, dem Doppelmeter säi Vëlo goung - bis op d'viischt Rad - ouni mussen ausernee geholl ze gi problemlos eran. Ënnert dem Mallebuedem ass nieft Reserverad a Geschier och nach labber Plaz fir kleng Akeef oder Accessoiren à la Batterieskabel, Kompresser a co.

© Dominique Riefstahl

Et gëtt vill op Haptik gesat am Interieur, erëm méi mat richtege Knäppercher geschafft, woubäi do och opfält, dass en Dréischalter fir d'Klimatemperatur, do wou 90% vun den Autoen de Volume-Knäppchen hunn irritéiert, an och di chroméiert Knäppercher um Volant fir eben de Volume, mee och aner Funktiounen z'aktivéieren, sinn ze rutscheg fir d'Input-Kraaft, déi se verlaangen.

Fuerverhalen

Et bleift e City Flitzer. Eng Explosioun u Leeschtung sicht ee beim Stonic vergeeblech. De klengen Drilling hänkt zwar wëlleg um Gas, verlaangt awer uerdentlech Touren, fir e bësse Reprise opzeweisen, zum Beispill bei enger méi kuerzer Autobunnsopfaart. Dank präziser 6-Gang Schaltung kann ee sech do Hëllef verschafen, ech bezweifelen ob dat am vollbeluedenen Zoustand awer nach "labber" duergeet.

© Dominique Riefstahl

De Chassis ass op der straffer Säit ouni awer onconfortabel ze sinn, e schléckt di gréissten Oneebenheeten an hält problemlos d'Strooss, och bei méi sportlecher Fuerweis, woubäi do de Leeschtungsmangel dem Chassis entgéint kënnt. Wou den Auto glänzt ass am enke Stadverkéier, well e wendeg ass, gutt iwwersiichtlech wat d'Ausmoossen uginn an dank Parksensoren a Kamerae problemlos och an all Lück ze manövréieren ass.

Infotainment System

Bei der UX/UI bleift de Stonic hannert den Erwaardungen. Den taktile Bildschierm reagéiert lues, no engem Start dauert et gefillt eng hallef Éiwegkeet éier de System wierklech asazfäeg ass, an och da reagéiert e Lues op Manipulatiounen an Angaben um Haaptecran. Interessanterweis ass di ganz Klima-Knäppercherswelt, déi u sech och nëmmen en Ecran ass, do vill méi natierlech reaktiv, et ass just um Haaptecran wou een e spierbaren Delaien huet, dee stéiert. Och virun all Faart de Pilot laang drop hinzeweisen, dass den Ecran oflenkt éier en op "OK" kann drécken an einfach eng Destinatioun um Navi kann aginn, ass eppes wat d'Erliefnis mam Auto ze vill entravéiert.

© Dominique Riefstahl

Fazit

De Stonic ass e gelongenen Auto, deen awer an enger staark besater Nische um Marché sech beweise wëll. E ka wat e muss, ass dobäi gutt verschafft a gréisstendeels intuitiv am Ëmgang, bis op den Infotainment.

Huet e genuch Charakter fir sech aus der Masse ervirzehiewen? Design-méisseg fir d'Liibhaber warscheinlech, beim Rescht vun den Aufgaben iwwerzeegt en éischter duerch Vernonft wéi duerch Emotiounen.

  • Méi Plaz, wéi ee kéint mengen
  • Gutt Visibilitéit a Manoeuvrabilitéit
  • Gutt verschafft
  • Dréimoment an den nidderegen Touren
  • Infotainment


Um Internet: Kia Stonic

Back to Top
CIM LOGO