
Der Police no waren aacht Autoen am Coup. A béide Richtungen war eng Spuer op der d'Bréck gespaart, ma den Tram ass nach gefuer. Och hei gouf et allerdéngs e bësse Stau. D'Bréck huet misse fir Streeaarbechte kuerz komplett gespaart ginn. Géint 9:20 Auer gouf et den Update, datt a Richtung Kierchbierg nach eng Spuer gespaart wier, ma de Rescht vun der Bréck nees op wier.
Den Tram fiert Stand 9:55 Auer tëscht der Place de Metz (bei der Spuerkeess) an der Stäreplaz net. E fiert awer tëscht dem Findel an der Stäreplaz an der Place de Metz an dem Stadion. Et gëtt sech erwaart, datt den Traffic elo progressiv nees uleeft.
RTL-Informatiounen no gouf et e Freideg de Moien an de glate Stroossekonditiounen nom éischten Accident nach een zweeten op der Bréck. D'Stroossespär huet fir Stau op béide Säite vun der Bréck gesuergt, wou d'Autoen deels Demi-tour gemaach hunn, well et net méi no vir an no hanne goung.