Iwwer véier Stonne blockéiertFranséisch Frontalieren haten en Donneschdegowend ee laange Wee an de Feierowend

Thomas Toussaint
Frontalieren, déi en Donneschdeg den Owend mam Zuch ënnerwee waren, haten ee laangen Heemwee. Den Zuchverkéier tëscht Frankräich a Lëtzebuerg gouf en Donneschdeg géint 16:30 Auer wéinst enger Pann agestallt. Ma och no 20 Auer goung et fir d'Frontalieren, déi zu Beetebuerg festsouzen, nach net weider.
Den Zuchverkéier tëscht Frankräich a Lëtzebuerg gouf en Donneschdeg géint 16:30 Auer wéinst enger Pann agestallt.
© RTL

D'Problemer am Zuchverkéier hunn dacks mat dee gréissten Impakt op d'Grenzgänger. Den Zuchverkéier gouf no der Pann vun engem Gidderzuch tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ënnerbrach. No 16:39 Auer en Donneschdeg goufen eng jett Zich op der Streck gestrach an d'Passagéier si stonnelaang hänkebliwwen.

D'Frontaliere missten aus den TER-Zich erausklammen, déi u sech a Richtung Frankräich fuere sollten.

Obwuel een Team vun der SNCF an den Asaz koum, fir den Zuch, deen tëscht Hettange-Grande an Diddenuewen hänkebliwwe war, nees asazbereet ze maachen a géint 18:10 Auer och een aneren Zuch geschéckt gouf, war den Zuchverkéier no 20 Auer nach ëmmer ënnerbrach. RTL Infos hate mat enger Persoun geschwat, déi am Zuch war.

Des frontaliers restaient toujours bloqués à la frontière après 20h dans un train à quai en gare de Bettembourg et aucune mesure de substitution n'a été annoncée pour les milliers de travailleurs bloqués au Luxembourg.
Frontalieren houngen och no 20 Auer nach zu Beetebuerg op der Gare fest.
© RTL

Iwwer véier Stonnen blockéiert

D'CFL hate géint 17:20 Auer matgedeelt , datt "aktuell keng Informatiounen iwwer d'Dauer vun der Stéierung virleien." D'Passagéier, déi géint 18 Auer op der Gare an den TER erageklomme waren, souzen op d'mannst véier Stonnen an hirem Zuch fest. Et ass net bekannt, wéini si schliisslech zu Diddenuewen a Metz ukoumen.

Eng Rei Aenzeien op der Plaz soten, datt den Zuchverkéier bis 22 Auer progressiv nees ugoung. Vill Frontalieren hu fir den Heemwee deels deier Alternativen misste fannen, an hu sech zum Beispill een Taxi geruff. Eréischt géint 1:25 Auer e Freideg de Moien huet d'SNCF confirméiert, datt de Probleem nees behuewe wier- bal 9 Stonnen no der Stéierung. E Freideg sinn nach op d'mannst zwee Zich ausgefall: Den Zuch vu Lëtzebuerg op Metz ëm 5:15 Auer an den Zuch vu Metz op Lëtzebuerg ëm 6:33 Auer.

© Thomas Toussaint / RTL

Back to Top
CIM LOGO