Automag - Am éischten TestMercedes-Benz GLC

Rich Simon
Andy Brücker
De GLC ass allgemeng immens beléift. De Rich Simon war bei der Presentatioun vun der neister Versioun dobäi.

Viru kuerzem huet Mercedes deen neie GLC presentéiert. Et ass a sech de beléiftste Modell vu Mercedes, deen och hei zu Lëtzebuerg seng Clientèle huet. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun hat den SUV ënnert de Rieder. Wat ass dann nei um GLC?

Automag: Mercedes-Benz GLC

Optesch gesinn, fält de Külergrill an d’A, deen elo nach méi present ass an deen een optional nach mat iwwer 900 LED-Luuchte kann oppimpen. D’Luuchte spillen och hannen am Auto, designtechnesch gesinn, eng wichteg Roll. An de Stoppluuchte sinn nämlech Stären agebaut. Serieméisseg, an dat muss ee bei Mercedes betounen, gëtt et ee Panoramadaach.

© Rich Simon

Wéi gesäit et bannen am Auto aus?

Wat direkt opfält, ass deen immens laangen Display. Esou ee kennt ee virun allem aus de chineesesche Marken. Mercedes zitt elo mat engem 99,3 Zentimeter Moniteur no. Et ass dee Längsten an der Geschicht vun der Mark mam Stär. Deen ass schonns impressionant. Fir mech awer ze grouss. Wann de Bäifuerer permanent un iergendengem Icon spillt, da mécht dat de Chauffeur nervös.

© Rich Simon

Plaz huet ee genuch. D’Kappfräiheet gouf vis à vis vum Virgängermodell, nach verbessert. Alles ass, wéi dat sech fir eng Premiummark gehéiert, ganz gutt verschafft. Vill Plaz huet een an der Mall, déi mat 570 Liter normal a 1.740 Liter mat ëmgeklappte Sëtzer, sech net virun der Konkurrenz ze verstoppe brauch.

© Rich Simon

Dann huel eis emol mat op d’Strooss...

Fir den Test stoung d’Topversioun zur Verfügung, dat heescht de GLC 400 EQ 4 Matic. Do ass een da bei 360 kW Power. Also 489 Päerd. Domadder brauch ee sportlech 4,2 Sekonnen, fir den 2.535 Kilogramm schwéiere Mercedes vun 0 op 100 ze bréngen. D’Lenkung ass extrem präzis. An apropos Lenkung. An der Optioun gëtt et déi hënnescht Achs, déi mat alenkt, an dat bis zu 4,5 Prozent. Dat kléngt elo net immens vill. Bei enke Kéieren, oder wann net vill Plaz ass fir ze parken, sinn dat awer Welten.

De Virgängermodell gouf gären als Reeskutsch titeléiert. Ass et nach ëmmer eng Reeskutsch?

Ech fanne Reeskutsch net negativ. De GLC keeft ee sech sécher net, fir permanent de Champignon bis ënnen hinner ze drécken. Et ass een Auto, wou een d’Fuere ka genéissen. Wandgeräicher huet ee praktesch keng. D’Lächer an d’Knuppen an der Strooss, ginn immens gutt absorbéiert, och ouni d’Loftfiederung, déi et an der Optioun gëtt.

© Rich Simon

Wéi vill verbraucht de Mercedes GLC?

Am neie GLC ass eng Batterie vu 94 kWh verbaut. An der Kombinatioun gëtt Mercedes ee Verbrauch tëscht 14,9 an 18,9 kWh un. Mat vill guddem Wëllen, sinn ech awer un déi wärend der Testfaart net erukomm. Ouni ze rennen an dacks am décken Niwwel, also relativ lues ënnerwee, koum ech op ee Wäert vun 21,8 kWh. Dat ass ok, awer net méi. Do dierft ee relativ wäit vun der WLTP-Autonomie, déi offiziell tëscht 568 a 715 Kilometer läit, ewech sinn. Am Laangzäittest, dierfte mir dat dann eraus fannen.

D’Lueden, och wann ech dat net selwer konnt probéieren, dierft awer relativ séier goen. Genee wéi schonns beim CLA, ass nämlech och am GLC eng 800 Volt Technik verschafft. Domadder kann een da mat bis zu 330 KW Gläichstroum lueden. De GLC kritt ee vu 70.083 Euro un.

© Rich Simon

Back to Top
CIM LOGO