Den Numm Bovensiepen ass ënnert Auto-Fans net onbekannt. 1965 huet de Burkard Bovensiepen d’Firma ALPINA Burkard Bovensiepen KG gegrënnt. An de Joerzéngten duerno huet sech ALPINA vun enger Tuning-Firma zum exklusive Produzent vun Autoen entwéckelt.
E puer Meilesteng waren ënnert anerem:
Zanter 1983 gëtt Alpina dann net méi just als BMW-Tuner/Vereedler gefouert, ma d’Firma aus dem Allgäu gëllt als eegestänneg Mark - ee Fakt, op deen Alpina an der Vergaangenheet och ëmmer rëm higewisen huet.
Bovensiepen huet dëse Samschdeg an der Mëttesstonn am Kader vum FuoriConcorso um Comer Séi hir nei Kreatioun virgestallt: de Bovensiepen Zagato, dëst zesumme mam legendären Designatelier Zagato. Dëse Gran Turismo verkierpert dat, wat d’Famill ënnert “Fine Driving” versteet.

Den 3-Liter Reiesechszylinder liwwert eng Leeschtung vu 449kW, also 611 PS, dëst bei engem maximalen Dréimoment vu 700 Nm. De Bovensiepen Zagato acceleréiert an 3,3 Sekonnen op Tempo 100 an erreecht eng Héchstgeschwindegkeet vun iwwer 300km/h. De Motor an de Chassis kommen aus dem BMW M4.

De Bovensiepen Zagato gëtt an der Bovensipen-Manufaktur zu Bochloe per Hand gebaut,dobäi falen ëm déi 250 Stonnen Aarbecht pro Auto un. D’Karosserie besteet quasi komplett aus Karbon, wat ee Gewiicht vun nëmmen 1.875 Kilo erméiglecht.

Och bei der Auspuffanlag setzt een op Liichtbau, dëst aus dem Haus Akrapovic: d’Anlag aus Titan weit nëmmen 22 Kilo.

Géint Enn 2025 kommen Informatiounen iwwert de Präis an doriwwer, wéi vill Autoe solle gebaut ginn. Mëtt 2026 ginn dann déi éischt Autoen um Maart erwaart. Wat awer scho gewosst ass, et wäert eng streng limitéiert Unzuel un Autoe ginn!