D‘Lëscht vun deene chineeseschen Autosmarken, déi op den europäesche Marché kommen, gëtt ëmmer méi laang. Eng vun de relativ neie Marken, ass Omoda. Déi Mark ass net nëmmen elektresch ënnerwee, mee ënnert anerem och mat engem Hybrid-Modell, nämlech dem Omoda 5 HEV. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun huet den Auto getest.
Et ass ee richtegen Hybrid, also kee Plug In, deen ee muss an de Stecker stiechen, fir datt den Akku sech opluet. Den Omoda 5 ass ee kompakten SUV, mat enger Längt vu 4 Meter 44. Vergläichbar mat dem VW T-Roc oder dem Hyundai Kona. Een Auto an deem een also schonns e bësse Plaz huet. Ideal fir eng Famill mat engem oder zwee Kanner, déi och emol gären an d‘Vakanz fueren. Zu 5 gëtt et dann awer schonns bëssen enk op dem hënneschte Sëtz. Wann een an d'Vakanz mat deem Auto fiert, muss ee sech awer bewosst sinn, datt d‘Mall mat 300 Liter net zu de Gréissten zielt. Den T-Roc (445 Liter) an de Kona (466 Liter), sinn do besser opgestallt.

Wéi gesäit et da global gesinn, bannen am Auto aus?
China typesch huet een am Präis alles mat dra wat ee muss hunn, oder och net. D'Qualitéit ass gutt. Wat mir gutt gefält vis à vis vun anere chineesesche Marken ass, datt Omoda drop verzicht, datt alles muss iwwer den Display gereegelt ginn. Beim Omoda huet ee fir déi wichteg Funktiounen nach Knäppercher an der Mëttelkonsol, den Dieren, respektiv um Steierrad.

Et setzt ee relativ mëll. Fir mäi Goût bëssen ze mëll. Et huet een ee awer ee ganz gutt Raumgefill an och wann een zu puer Persounen drasetzt, fillt een sech net ageengt.
Wéi fillt den Auto sech dann op der Strooss un?
Dacks huet ee bei chineesesche Marken d‘Gefill, datt den Auto sech e bësse schwabbeleg ufillt. Beim Omoda 5 ass dat awer net de Fall. D'Fiederung ass gutt. Dat kann ech awer net onbedéngt fir d'Réckmeldung vum Steierrad soen. Déi fillt sech, fir de Begrëff nach eng Kéier ze soen, schwabbeleg un. Och d'Bremsverhalen huet mech net iwwerzeegt. Wat d‘Motorleeschtung ugeet, kann den Omoda gutt mat der Konkurrenz mathalen. Mat den 224 Päerd ass een a 7,9 Sekonne vun 0 op 100. D'Spëtzt déi läit bei 175 km/h. Och dat ass gutt. Assistenzsystemer si gutt. Beim Omoda 9, dee mir och am Test haten, ass dat nämlech net de Fall. Beim Omoda 5, huet den Chery Group nogebessert.

Wéi gutt ass de Motor, respektiv Technik dann?
Déi hu mech iwwerzeegt! Als thermesche Motor ass ee 4 Zylinder, 1,5 Liter Bensinn Motor, ënnert dem Capot. Dee liwwert 143 Päerd. Deen alimentéiert eng kleng elektresch Batterie, déi ënnert der Mall placéiert ass. Dofir ginn eng Partie Literen u Volume verluer. Déi kleng Batterie luet dann de groussen Akku. Mat thermeschem Motor an Akku, kënnt een zesummen op 224 Päerd. Den Elektroundriff ass permanent op de viischte Rieder. Dat heescht, datt den Auto och konstant op elektresch fiert.

Den thermesche Motor schalt sech just bäi wann e gebraucht gëtt. Zum Beispill bei Acceleratiounen oder héijer Vitesse. Mat där Technik ass een extreem spuersam ënnerwee. 4,9 Liter hunn ech gebraucht. Dat bedeit, datt ee mam 51 Liter Tank un 1.000 Kilometer eru kënnt, ier een nees op d'Pompel muss fueren. Dat léisst sech méi wéi weisen.
Zum Schluss nach de Präis um Omoda 5 Hybrid?
Also hei kann den Auto méi wéi punkten. An der Comfort Versioun, kritt een den Omoda 5 Hybrid fir 29.990 Euro an der Premium Versioun, fir 31.990 Euro. Dat ass eng Uso vis-à-vis vun den etabléierte Marken. Virun allem wann ee kuckt, wéi d‘Qualitéit am Interieur ass an och Technik déi ënnert der Hauf stécht. Dobäi komme 7 Joer oder 150.000 Kilometer Garantie um Auto an esouguer 8 Joer oder 160.000 Kilometer, op der Batterie. Dat dierft bei der Konkurrenz fir vill Kappzerbrieches suergen.
