Automag - Am AlldagstestOpel Grandland Electric

Christian Schmit
Andy Brücker
Vill Plaz a confortabel, ma wéi schléit e sech bei Autonomie a Luedvitess? De Christian Schmit huet et erausfonnt.

Mam Opel Grandland Electric si mir elo ënnerwee. Dat heescht, dee war an d’Automag-Redaktioun komm, an de Christian Schmit hat dësen am Alldagstest.
Wéi huet e sech da geschloen?

Automag: Opel Grandland Electric

Jo den Opel Grandland koum an der GS Versioun bei eis. Dat ass dann d’Top-Ausstattung mat ganz vill Confort-Optiounen u Bord, méi en dynamesche Look och mat sengen 19 Zoll Felgen. LED-Liichtsträife suerge fir eng gewëss Eegestännegkeet.

© Christian Schmit

Seng Designlinn kann een als sachlech, strukturéiert, a kompakt ëmschreiwen. E steet op der STLA-Medium-Platform, mee hieft sech awer of vu senge Schwëstermodeller aus dem Stellantis Grupp.

Wat ass da nach esou am Alldag Test opgefall?

Am Interieur sinn et di bequeem Sëtzer vir an hannen, wou e beschtens opgehuewen ass. Si droen zu Recht de Logo AGR, Aktion gesunder Rücken, a sinn aus ecologeschem Stoff konfektionéiert. Gro / Schwaarz baussen, groen Interieur bannenan, bon dat muss engem gefalen. De grousse Glasdaach bréngt Liicht a wierkt da méi frëndlech.

© Christian Schmit

Opel huet sech jo scho méi laang fir Detox entscheet, also quasi keng Knäppercher méi. An esou ass et och hei de “Pure Panel” eng Kombi aus 10-Zoll-Digitalinstrument a 16-Zoll-Touchscreen, déi de Cockpit dominéieren.

© Christian Schmit

Et kënnt ee séier am Opel zuwee, villes léisst sech intuitiv bedéngen. Alles ass gutt verschafft, wichteg bei Elektroautoen wou een alles héiert, a wierkt héichwäerteg. Vill Gefaacher fir Objeten, déi praxisgerecht dimensionéiert sinn, an och eent wat gekillt ass fir Gedrénks oder soss Schneekegkeeten ënnerwee. Och an d’Mall passt genuch fir op d’Rees oder gréisser Saachen ze transportéieren.

© Christian Schmit

Komme mir awer elo mol op d’Leeschtung ze schwätzen?

Ënnert dem Capot sinn et hei 213 PS an d’Batterie kënnt op 73 kw/h. Mee den Opel Grandland bréngt vill Kiloen op d’Wo, an esou hält sech d’Temperament a Grenzen, och wann am Sportmodus ka gefuer ginn. A 9 Sekonnen kann een op 100 sinn, an 170 km/h sinn dran.

Mee mir koumen am Alldag bei dach éischter gemälleger Fuerweis op e Verbrauch vun tëscht 19 an 22kw, sou dass dat mat der WLTP-Autonomie vu 500km e fromme Wonsch bleift. Zemools bei enger Baussentemperatur vun ëm di 5 Grad war scho bei 350km Schluss. Definitiv ze wéineg fir e Familljenauto, mat deem ee jo net just d’Kanner an d’Museksschoul oder an de Sport kutschéiere wëll. Fiederung a Fuerverhale si ganz korrekt. Jo a mat 150kW maximum um Fast Charger gewënnt een haut och kee Präis méi. Eng hallef Stonn vun 10 op 80 % am beschte Fall.

© Christian Schmit

Wéi schneit den Opel dann am Kapitel Präis of?

Also virop sief emol gesot, dass Opel villes seriëméisseg mat bréngt. An der gefuerener GS Versioun nach méi. De Präis louch mat Optioune wéi Toit ouvrant électrique, Hifi Fokal Sound System, Wärmepompel an allen Assistenzsystemer bei gutt 46.000 Euro.

Dofir kritt een e grousse prakteschen Auto, en dach modernen Elektro-SUV mat vill Confort, dee sech awer leider net séier opluede léisst, an ze vill kW/h verbraucht, soss géif de Bilan nach besser ausfalen. Mee esou e Grandland mam Blëtz um Küler ka jo och als Hybrid oder Plug-In Hybrid bestallt ginn.

© Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO