Automag - E Bléck an d'ZukunftPeugeot Polygon Concept Car

Rich Simon
E Concept Car ze gesinn ass eng Saach, domadder fueren ze dierfen eng aner. De Rich Simon hat d'Geleeënheet bei Peugeot.

Forward to the Peugeot Future

Et ass net alldeeglech, datt eis Automag-Redaktioun d'Méiglechkeet huet, fir ee sougenannte Concept Car ze fueren. Dacks kritt een esou Autoe nämlech just gewisen. Beim Peugeot Polygon, war dat awer anescht. Woubäi d'Fuere sech awer zäitlech staark limitéiert hat, an et och net iwwer normal Stroosse gaangen ass. Den “Test-Drive” war nämlech an enger Hal, an der Géigend vu Bréissel. Quasi à huis clos.

© Rich Simon

Duplo Spillsaach fir Erwuessener

Deen éischte Bléck op de Peugeot Polygon erënnert ee staark u seng Kandheet, an där ee mat Duplo Autoe gespillt huet an dovunner gedreemt huet, fir enges Daags hannert dem Volant vun engem richteg Auto ze setzen. À propos Volant. D'Steierrad ass praktesch d'Häerzstéck vum Polygon. Woubäi SteierRAD, net méi ganz richteg ass. Mat engem Rad huet den Hypersquare nämlech näischt méi ze dinn. Aus ronn gouf rechteckeg. De Rechteck gouf awer mat 4 Kreesser gelächert. An deene Kreesser kann ee mam Daum alles bedéngen, wat soss am Armaturebriet, respektiv dem Display ënnerbruecht ass.

© Rich Simon

Dat klassescht Armaturebriet ass beim Polygon verschwonnen an och een Display, ass net am Auto dran. Alles gëtt an der viischter Fënster ugewisen. A sech brauch een de Volant net méi lasszeloossen, wat zur Sécherheet am deeglechen Stroosseverkéier soll bäidroen.

© Rich Simon

Recycling fir Zukunft

Wann d'Fligeldiere bis op sinn an ee sech am Polygon installéiert huet, da mengt een et wier ee prett fir bei de Captain Kirk op d'Enterprise gebeamt ze ginn. De positive Paradox besteet allerdéngs dodran, datt Peugeot fir d'Zukunft op recycléierbar Materialien zeréck gräift. Al Pneuen a Sëtzer ginn zu Beispill verschafft.

© Rich Simon

Déi zukunftsorientéiert Sëtzer, déi elo am Polygon dra sinn, goufe mat engem 3D Printer geformt. Et ass eng eenzeg Form a kee Zesummebau vu villen eenzelen Stécker. Och wa se net esou ausgesinn, d'Sëtzer si bequeem.

Vum Fliger Cockpit an de Polygon

Peugeot ass net déi éischten Autosmark, déi Steer-by-Wire ubitt. Bei deem System gëtt et keng mechanesch Verbindung méi tëscht dem Steierrad an de Rieder. Alles gëtt elektresch gereegelt. Déi Technologie kënnt aus der Aviatioun. Bei Lexus a Mercedes gëtt Steer-by-Wire och schonns a verschiddene Modeller ugebueden. Amplaz datt een d'Steierrad e puer mol muss dréinen, fir den Auto op klengstem Raum ze manövréieren, geet et beim Steer-by-Wire mat kuerzem Beweegungen duer, fir d'Rieder an déi gewënschte Positioun ze kréien. D'Kéiere kann een doduercher vill méi enk maachen. Dat konnt een mam Polygon op der “Teststreck” an der Hal, op eng impressionant Aart a Weis eraus fannen.

No ronn 5 Minutten, war “Testfaart” awer leider schonns eriwwer. Et wäert och déi eenzeg Kéier gewiescht sinn, datt ech am Polygon wäert hunn dierfe fueren. Peugeot huet kloer gesot, datt den Auto an där Form wuel ni wäert produzéiert ginn. De Steer-by-Wire kënnt awer. An dat schonns vum nächste Joer un, am klenge Peugeot 208. Domadder dierft de franséische Constructeur dann den éischte sinn, deen dës gutt Technik am B-Segment wäert ubidden.

© Rich Simon

Back to Top
CIM LOGO