Automag: Am AlldagstestŠkoda Enyaq RS

Christian Schmit
E vermëttelt Sportlechkeet, ouni awer un Alldagstauglechkeet ze verléieren, an dat als Elektro-SUV.

Mir hätten dann elo de Škoda Enyaq RS am Alldag Test fir iech. Dee gouf jo d'lescht Joer schonn iwwerschafft, an elo war en an d'Automag-Redaktioun komm. De Christian Schmit mat de Fuerimpressiounen.

Automag: Škoda Enyaq RS

E kann ee scho gläich virop soen, eng gutt Impressioun huet den Enyaq hannerlooss. Dee Modell aus der Škoda-Gamme ass och bei der Clientèle ganz beléift an huet ganz gutt Verkafszuelen. E gehéiert zu den erfollegräichsten Elektro-SUV a koum 2025 op nobäi 80.000 Venten, a rangéiert op Plaz 7 an der Top 10 .

© Christian Schmit

Effektiv, d'lescht Joer koum schonn de Facelift, mat der neier Front ass en elo méi elegant. Mee e Škoda muss natierlech och praktesch sinn, a Plaz an d'Präis-Leeschtungsverhältnis musse stëmmen.

© Christian Schmit

Also di Zäite wou Škoda di bëlleg Alternativ am VW-Grupp war, déi ass längst passé. Mee vill Auto fir d'Geld gëtt et awer, gekréint mat ville clevere Léisungen, Allrad Traktioun a mam RS-Package a Look. An zu Mlada Boleslav an Tschechien do gëtt präzis geschafft. Veraarbechtung op héijem Niveau. Wichteg, well den Enyaq ass jo en Elektroauto, an do héiert ee jo bekanntlech all Geräisch.

© Christian Schmit

De Škoda Enyaq ass am Alldag en agreabele Gesell, dee vill Plaz vir an hanne bitt, kee Probleem domat huet wann d'Akeef méi grouss ausfalen, a mat deem een och genuch Power huet, och dann nach, wa méi Passagéier u Bord sinn.

© Christian Schmit

A propos, wat steet dann op der Leeschtungsskala?

Also den Enyaq hält 340 PS parat, jo domat ass een anno 2026 mat vir bäi, an nawell koume mir zäitweis op e Verbrauchswäert vun 16kW, wat remarkabel ass. 560km Autonomie sollen dra sinn, déi hu mir zwar net erreecht. An net mol 6 Sekonnen ass een op 100, mee bei 180 à l’heure ass Schluss.

© Christian Schmit

Manner gutt Resultater bei der Luedtechnik. 185kW maximal, dat ass net immens. Mee dee vill zitéierte Fuer Spaass ass garantéiert. Feedback bei Lenkung a Fuerverhalen harmonéieren. Getest hei am Land, an op Ausflich déi Säit der Grenz mat ville Kéieren.

© Christian Schmit

Fazit a Präisser fir den E-SUV?

Also en eegent sech duerchaus fir Familljen, well e ka sportlech gefuer ginn, ouni Sportswon wëllen ze sinn. Mat den 20 Zoll Felgen mécht e bien sûr eng gutt Figur, de Confort op de Sportsëtzer bleift net op der Streck, an d'Faarf "Velvet-Red" um Testauto steet ëm gutt. Fir esou e Škoda Enyaq RS an der Garage ze hunn, missten dann op d'mannst 55.000 Euro de Besëtzer wiesselen.

© Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO