Automag - Sneak PreviewVolkswagen ID. Polo

Rich Simon
De Polo gëtt elo elektresch.

De VW Polo dierft wuel jiddwerengem bekannt sinn. Dee gouf et bis elo just mat thermesche Motoren. Dat ass deemnächst awer anescht. Elo am Fréijoer soll den éischten elektresche Polo kommen. Aus eiser Automag-Redaktioun hat de Rich Simon de klenge Brudder vum Golf ënnert de Rieder. Wéi huet sech de Polo mat Akku presentéiert?

Automag - Volkswagen ID. Polo

Hien huet sech als verkleete Versioun presentéiert. Ech erkläre mech. Et goufe bis elo net vill Journalisten, déi den Auto iwwerhaapt hunn dierften testen. Et ass nach eng gewësse Virwëtztut. De Polo war nämlech als Erlkönig getarnt. Dat gëtt bei Autoe gemaach, déi zwar op der Strooss gefuer ginn, wou awer nach duerch de speziellen Design vill Detailer verstoppt ginn. An dat war eeben hei de Fall. Dofir de Begrëff Virwëtztut.

© Rich Simon

Du bass en awer gefuer?

Jo awer leider war Teststreck ze kuerz. Leider, well op deene plus/minus 30 Kilometer, huet den Auto mir awer schonns richteg Freed gemaach. Ech hat seelen esou ee klengen Auto, mat deem et esou vill Spaass gemaach huet, fir bësse sportlech domadder ënnerwee ze sinn. D’Ingenieuren hunn, wat de Fuerfeeling vum Polo ugeet, eng immens gutt Aarbecht geleescht. De Auto ass ganz gutt ausbalancéiert an d’Fiederung léist keng Wënsch oppen.

Wéi gesäit et da bannen am Auto aus?

Bei deenen aneren VW ID.-Modeller gouf et zum Deel vill Kritik. Virun allem den ID.3 ass schonns emol als Plastikstut titeléiert ginn. D’Kritik ass bei VW ukomm a beim ID. Polo ass méi wéi nogebessert ginn. Och wa beim Testauto d’Armaturebriet zum Deel nach verkleet war, konnt een awer bei engem ausgestallten Modell gesinn, dass d’Material nees un déi gutt al VW Qualitéit erukënnt. Entgéint dem allgemengen Trend, muss een net alles iwwer den Display reegelen. Et huet een nees Knäppercher a Schalteren, déi och iwwersiichtlech ubruecht sinn. Ee klengen awer flotte Feature ass deen, datt een den Display vum Tacho kann an de Retro-Look schalten. Do kommen engem Erënnerungen un d’Achtzeger Joren zeréck.

© Rich Simon

Mam ID Polo ass een elektresch ënnerwee. Wat fir eng Akkue stinn zu Verfügung?

De Polo kënnt an enger éischter Phas mat zwee Akkuen an dräi Leeschtungsstufen: Eng Batterie mat 37 kWh an 116 PS, respektiv 135 PS an dann nach een Akku mat 52 kWh an 211 PS. Wat déi 37 kWh uginn, gëtt VW d’Autonomie mat 300 Kilometer un a bei den 52 kWh be 450 Kilometer. Teste konnt ech dat net, well et, wéi schonns gesot éischter eng Schnuppertestfaart war.

© Rich Simon

Méi spéit soll ech nach eng GTI Variant kommen, déi huet dann 226 PS. Beim Luede gëtt VW 11 Kilowatt bei Wiesselstroum un an 90 respektiv 13 Kilowatt bei Gläichstroum. Do ginn et Marken, déi dach méi séier ënnerwee sinn. Et muss een also Zäit arechnen fir ze lueden. Virun allem dierft een d’Gefill beim klengen Akku hunn, datt een, fir net vill ze fueren, awer laang muss lueden.

Wat kanns du eis iwwer d’Präisser soen a wéini kënnt den Auto bei eis am Land an d’Garagen?

Et ginn nach net vill offiziell Informatiounen: De Virverkaf soll am Juni ufänken. Da ginn och d‘Präisser bekannt. Et soll bei ronn 25.000 Euro lassgoen. Mëtt September sollen dann déi éischt Autoe bei eis op de Stroossen ze gesi sinn. Dat si vill “sollen”. Sécher ass awer, datt de VW ID. Polo kënnt an ech si mir och sécher, datt den Auto gutt wäert bei de Clienten ukommen.

© Rich Simon

LINK: Volkswagen um Internet

Back to Top
CIM LOGO