Di 3. Generatioun vum Modell T-ROC bei VW. Wat ännert, wat bleift a kann deen Neien iwwerzeegen? Alles Froen, ob déi de Christian Schmit fir eis eng Äentwert huet, well dee war op der Presentatioun dobäi.
Dës Kéier am Automag e Bestseller, deen elo als Nofollger an de Startlächer steet.
Jo an di offizielll Presentatioun hat déi Kéier fir mech en Novum. Nach ni si mir mat engem neie Modell dohi gefuer, wou d’Wéi vum Auto steet. An dësem Fall vum VW T-Roc war dat Palmela südlech vu Lissabon. Hei am Auto-Europa-Wierk leeft den T-Roc vum Band, an dat fir all d’Marchéen op der Welt, an dat zënter der éischter Generatioun am Joer 2017.

E ganz beléiften SUV an Europa, deen 2024 iwwer 200.000 mol verkaf gouf. 2021 koum deen iwwerschafften T-Roc, an am Moment lafen di zwee Modeller nach parallel vum Band.
Wat huet dann elo konkret changéiert beim T-Roc?
Ma da komm mir fänken emol mat de Fakten un. Am neien VW T-Roc dieselt näischt méi ënnert der Hauf. Den Diesel fält ewech, genee wéi och d’Cabrio-Versioun. Soss ass et nach d’Tatsaach, dass deen Neien däitlech gewuess ass. Vu 4m23 op 4m37, an esou vill méi no u seng Geschwëster-Modeller Golf an Tayron réckelt. Vill méi erwuesse kënnt de Wolfsbuerger elo eriwwer.

Wat gëtt dann ënnert der Hauf un Temperament gebueden?
Op der internationaler Presentatioun konnte mir just den 1.5 eTSI fueren. Dee klengen “e” hannen um Hayon vun der Mall soll drop hiweisen, dass eng Hybridiséierung gebuede gëtt. D’Leeschtungsspiral variéiert tëscht 110 an 150 PS. Also elo um Ufank net schrecklech spektakulär. Mee dat ännert sech 2026 mat der 2 Liter Versioun an 204 PS, gekoppelt mat der 4X4 Traktioun 4motion.

Den T-Roc Hybrid ass dann och prett mat 306 där Päerdecher an der Systemleeschtung. A fir déi di ganz sportiv wëllen ënnerwee si mam prakteschen SUV, déi kommen 2027 op hir Käschte mam T-Roc R an 333 PS. Eng reng elektresch Versioun gëtt et net.

Méi grouss has du gesot, kënnt dat och de Passagéier ze gutt bannenan?
Duerchaus. Och hei huet sech vill geännert. De ganzen Tableau de bord ass komplett iwwerschafft ginn, inklusiv der Mëttelkonsol. Do ass elo vill Plaz fir Objeten ze placéieren, voir Handy, well d’Boîte wandert bei de Volant, esou wéi bei den ID-Elektromodeller aus dem Haus VW.

Vir, a besonnesch hannen méi Plaz wéi virdrun, den haarde Plastik ass gréisstendeels Passé, mee di bequeem Sëtzer bleiwen. Kloer, dass a Saachen Info- an Entertainment alles um neiste Stand ass an iwwer de groussen Ecran aktivéiert oder desaktivéiert gëtt.
Wéi fiert e sech dann esou?
Och hei seet ee sech gläich, en aneren T-Roc. Vill méi geschmeideg, méi confortabel, jee agreabel. Akustesch mellt sech de 1500er awer schonn zu Wuert, wann d’Leeschtung ofgeruff gëtt. De Verbrauch vun eppes iwwer 6 Liter geet an d’Rei. Mir waren awer och net vill op der Autobunn domat ënnerwee.

Präisser dann nach vläicht?
Bei 36.500 Euro geet et lass an der Versioun “Style” déi sech schonn duerchaus weise léisst. R-Versioune komme méi sportiv eriwwer, a maache mat méi grousse Felgen eng gutt Figur. Leien awer dann och gläich e puer Dausender driwwer. Ech denken och den T-Roc vu VW mécht an der neier Generatioun säi Wee, och bei eis zu Lëtzebuerg.
