Lëtzebuerg17.000 Autoen ouni valabelen technesche Kontroll

Roy Grotz
Tëscht 300.000 a 600.000 Autoe ginn a Frankräich an der Moyenne d'Joer net technesch kontrolléiert - dëse Phenomen gëtt et iwwerall an Europa.
© AFP

An och hei am Land, obwuel dee Kontroll jo spéitstens 4 Joer nom Kafe vun engem neien Auto fälleg ass.

Rezente Chiffere vum zoustännege Mobilitéitsministere no ginn et aktuell awer 17.000 Autoen a Camionnetten, déi kee valabelen Zertifikat vun enger vun den technesche Kontrollstatiounen hunn.

Bei enger Zuel vu 470.100 ugemellten Autoen am Land mécht dëst en Taux vun 3,6% aus - wa sech esou en Automobilist, dee keng gülteg technesch Kontroll ka virweisen, erwësche léisst, gëtt et e Protokoll vun 145 Euro an de Verloscht vun 2 Punkten.

Wéinst der Corona-Pandemie waren d’obligatoresch Kontrollbestëmmunge fir Autoen a Camionnetten jo méi souple gemaach ginn. Esou konnte Ween, deenen hiren Zertifikat tëscht Mäerz an dem 24. Juni ofgelaf war, awer bis den 1. September weider op Lëtzebuerger Stroosse fueren.

An do huet sech nawell en zolitte Chiffer ugeheeft: sou musse bis an zwou Wochen - de Stéchdatum vum 1. September - nach ronn 8.600 Gefierer kontrolléiert ginn, wou dës technesch Kontroll bis dato iwwerfälleg ass.

All dës Chiffere liwwert de Mobilitéitsminister Bausch op Basis vun enger parlamentarescher Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.

PDF: D'Äntwert vum François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum Mars di Bartolomeo

Back to Top
CIM LOGO