
Am zweete Quartal ware 7,2 Prozent vun all den Autoen, déi an der EU nei kaf goufen, Elektroautoen. Dat Joer virdru waren et 2,4 Prozent.
Am Laf vun der Corona-Pandemie ass d’Zuel vun de Acquisitiounen allgemeng staark zeréckgaangen. Dës Entwécklung huet awer virun allem Diesel a Bensinner betraff, woubäi déi 2 nach ëmmer iwwert 80 Prozent vum Marché ausmaachen. Tëscht Abrëll a Juni ass de Verkaf vun Diesel a Bensinner ëm méi wéi 50 Prozent erofgaangen. D’Zuel vun de Ventë vun Elektroautoen huet sech an der selwechter Zäit awer méi wéi verduebelt.
Déi meeschtverkaaften alternativ Autoe bleiwen awer Hybrid-Elektroautoen, dat trotz engem liichte Réckgang. Den Undeel un hybrid Autoe läit am zweete Quartal mat 9,6 Prozent iwwert déi reng elektresch Autoen.