Zum aktuellen Netz vu ronn 600km Vëlospisten, sollen der an den nächste Jore gutt 500 derbäi kommen.
Aktuell Verbindunge sollen iwwerschafft a verbessert ginn, och op kommunalem Niveau, an och d’Beschëlderung soll optimiséiert ginn.
Festgehale gouf och, dass zwou sougenannten Express-Vëlospisten sollen entsoen, déi engersäits d’Stad mat Beetebuerg, an d’Stad mat Esch solle verbannen.